Championnat am CyclissemChristine Majerus wëllt sech de 36. Titel an hirer Karriär sécheren

RTL Lëtzebuerg
De Weekend ginn zu Mamer d'Championstitelen an der Course en ligne verdeelt. Wéi bei den Damme gëtt et och bei den Häre mam Bob Jungels ee Favorit.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Um Samschdeg ass et d’Suite vun Championnat am Cyclissem. Nom Zäitfueren en Donneschdeg sinn de Weekend iwwer d’Stroossecoursse programméiert. Déi zwou Haaptcoursse ginn e Sonndeg gefuer.

Virschau Cyclissem-Championnat / Rep. Rich Simon

An dat sinn déi vun den Dammen an den Hären. Wéi déi Jore virdrun, ginn et mam Christine Majerus a Bob Jungels nees zwee Favoritte bei dëse Courssen. Allenzwee hu se och schonns d’Zäitfueren en Donneschdeg dominéiert. Fir de Bob Jungels ass d’Championnat wichteg, fir nees an eng gewësse Normalitéit no de stressege Wochen zeréckzekréien.

“Et war mam Dauphiné kierperlech ustrengend. Et war awer och wéinst dem Wiessel emotional an dat huet un engem gezerrt. Elo ass et awer flott, d’Kolleegen nees beieneen ze hunn an eise Sport och hei am Land kënnen ze representéieren.”

De Bob Jungels ass e Sonndeg sécherlech de Favorit. Konkurrenz ass awer do. Ënnert anerem vu Leit wéi engem Kevin Geniets, Alex Kirsch, fir nëmme si ze nennen, oder och nach dem Michel Ries, deen de Contre-la-montre en Donneschdeg bei den Espoire fir sech konnt entscheeden.

“Déi 3 lescht Woche ware ganz ustrengend an ech hunn awer gewisen, dass d’Been net schlecht sinn. Dat stëmmt mech ganz optimistesch fir d’Course e Sonndeg.”

Bei den Damme féiert wéi och déi leschte Jore kee Wee laanscht d’Christine Majerus. D’Sportlerin vum Joer ass sech awer bewosst, dass duerch déi speziell Situatioun aus de leschte Méint, déi méi jonk Fuererinne sech konnte verbesseren.

“Et huet bësse jiddwereen wärend dem Lockdown dovunner profitéiert, fir praktesch ënner professionelle Konditiounen ze trainéieren. Et ware jo keng Schoulen. Dofir erwaarden ech mir eng interessant Course e Sonndeg. Ech wäert awer alles maachen, fir nach eng Kéier ze gewannen.

Wann d’Christine Majerus e Sonndeg nees géif Lëtzebuerger Championne ginn, da wir et schonns de 36. Titel an hirer Karriär.

Back to Top
CIM LOGO