Resultater, Interviewen a FotoenChristine Majerus a Bob Jungels séchere sech de Championstitel am Zäitfueren

Lynn Kayser
Tom Flammang
En Donneschdeg war zu Mamer den Optakt vum Championnat am Cyclissem. Hei goufen d'Championstitelen am Contre-la-montre verdeelt.

An 10 Klasse goufen d’Championen am Zäitfuere gesicht. An den zwou Haaptkategorien konnte sech allkéiers d’Favoritten duerchsetzen. 21 Kilometer stounge bei den Hären op engem selektive Parcours um Programm.

Championnat am Zäitfueren / De Reportage vum Rich Simon

Bei de Profien: Vum Depart un huet de Bob Jungels (Deceuninck Quick-Step) gewisen, dass hien och an den nächste Méint de rout/wäiss/bloen Trickot vum Contre la Montre op senge Schëllere wëll hunn. Op der Arrivée hat hien eng Avance vu 45 Sekonnen op den Alex Kirsch. Op déi drëtte Plaz ass de Kevin Geniets gefuer. Hien hat e Retard vun 52 Sekonnen.

Championnat am Cyclissem - Interview mam Bob Jungels
Bei de Profien huet sech am Zäitfueren, ouni grouss Iwwerraschung, de Favorit duerchgesat.

Bob Jungels: Ech muss soen, ech hat ee gudden Trëtt. Virun allem an deene Partie wou ech meng Kraaft konnt ausspillen, hunn ech gemierkt, dass Zoch op der Pedall war. Ech weess elo net wéi et vu baussen ausgesinn huet, mä ech hat ee gutt Gefill. Ech hunn nom Dauphiné 3 Nuechten 10-11 Stonne geschlof an och soss doheem näischt gemaach, wéi am Bett geleeën. Dat schéngt gutt geklappt ze hunn.

Championnat am Cyclissem - Interview mam Alex Kirsch
Un d’Zäit vum Bob Jungels ass den Alex Kirsch net erukomm.
Championnat am Cyclissem - Interview mam Kevin Geniets
Bei de Profien kënnt de Kevin Geniets op Plaz 3.

PDF: D'Resultat bei der Elite (m)

Back to Top
CIM LOGO