Vëlo-Europameeschter a stabillem ZoustandColbrelli no Häerzattack zeréck an Italien

RTL Lëtzebuerg
Hei gi weider Ënnersichunge gemaach, fir de Grond vu sengen Häerzrhythmusstéierung erauszefannen.
© AFP (Archiv)

Aus dem Vëlossport ass et e Sonndeg d‘Nouvelle, datt de Sonny Colbrelli no senger Häerzattack nom Enn vun der éischter Etapp am Tour duerch Katalounien zeréck a senger Heemescht Italien ass. Den Europameeschter ass an engem stabillen Zoustand, an et ginn elo weider Ënnersichunge gemaach, fir d‘Ursaach vu sengen Häerzrhythmusstéierung erauszefannen.

Well de Vëlosprofi an engem stabillen Zoustand ass, huet hien e Samschdeg d’Klinick zu Girona dierfte verloossen, dat huet seng Ekipp Bahrain Victorious e Sonndeg matgedeelt.

De Colbrelli war e Méindeg nom Sprint vun der Optaktetapp kollabéiert a bewosstlos zesummegebrach. Den 31 Joer alen Italiener huet misse reaniméiert ginn. De Vëlosprofi ka sech net un den Tëschefall erënneren. “Ech sinn iwwert d’Linn gefuer an dunn op de Buedem gefall”, sou de Colbrelli. Hien hätt sech eréischt dunn erënnert, wéi hien an der Klinick erwächt wier.

Back to Top
CIM LOGO