
An dofir bedreift d’UCI och Lobby-Aarbecht. Dës Saison sollt nämlech zu Villars an der Schwäiz op 1.300 Meter Héicht ee Cyclocross am Schnéi gefuer ginn. Bei dëser Course sollt och den IOC-President Thomas Bach present sinn. Wéinst Corona gouf d’Evenement awer ofgesot. Och den Directeur Technique vum COSL, Heinz Thews, krut schonns mat, dass d’UCI den Ament vill investéiert, fir de Cyclocross op Olympesch Wanterspiller ze kréien.
Heinz Thews: “Dat ass awer a ville Sportaarten de Fall, déi wëllen op Olympesch Spiller kommen. Dacks ass et esou, dass een an enger Sportaart an enger Disziplin e puer Plaze geaffert ginn an doduercher eng aner Disziplin mat erageholl ka ginn. Den IOC ass den Ament ganz reservéiert, fir d’Zuel vun den Athleten eropzesetzen. Tendenz geet éischter a Richtung manner Athleten. Et muss een hoffen, dass d’UCI sech hei clever uleet.”
Den Heinz Thews hätt näischt dogéint, wann an Zukunft de Cyclocross eng olympesch Disziplin géif ginn.
Heinz Thews: “Fir eis wier dat natierlech fir de Lëtzebuerger Sport eng immens flott Saach. De Cyclocross huet bei eis am Land eng grouss Traditioun a mir hätte bestëmmt och Kandidaten, déi fir eng Qualifikatioun a Fro géife kommen.”
Déi nächsten Olympesch Wanterspiller sinn 2022 zu Beijing a China. Do ass de Cyclocross nach net dobäi. A 6 Joer zu Mailand, respektiv zu Cortina d’Ampezzo kéint dat awer de Fall sinn.