Zu Péiteng an HesperCyclocross fueren ënner strikte Coronamesuren

Lynn Kayser
Hellegowend huet d'Chamber dat neit Covidgesetz gestëmmt, eng knapp Woch deemno fir d'Organisateure vu Péiteng an Hesper sech drop anzestellen.
© RTL-Archivbild

De Weekend gi mam internationale Cyclocross op Neijoerschdag zu Péiteng an dem regionale Cyclocross e Sonndeg zu Hesper déi éischt Sportmanifestatiounen ënnert den nees méi strikte Corona-Mesuren hei am Land organiséiert. Fir d’Organisateure vun de Vëlosveräiner Péiteng an Alzeng waren déi lescht Deeg eng Erausfuerderung.

Cyclocross Péiteng an Hesper / Reportage Lynn Kayser

Hellegowend huet d’Regierung dat neit Covidgesetz gestëmmt, eng knapp Woch deemno virun de Cyclocrossen zu Péiteng an zu Hesper. D’Organisateure stoungen du virun der Fro: Maache mir de Cross oder soe mir en of? Fir de Gilles Kneip a seng Ekipp vun der UC Péiteng war séier kloer, datt een dat Ganzt wéilt duerchzéien.

“Mir hu sou vill Aarbecht dragestach a well mir awer relativ vill international Coureuren hunn an déi da Péiteng notzen, fir sech op d’WM an déi national Championnater virzebereeden, déi dat fest am Plang dran haten, a fir deenen dann eng gutt Woch virdrun ze soen, se dierften dann awer net fuere kommen, war et relativ séier, datt mir gesot hunn, mir wëllen eise Cross onbedéngt aus Responsabilitéit vis-à-vis vun de Sportler trotzdeem duerchzéien.”

An och bei deenen Alzenger ass ee frou, datt d’Coureuren no Neijoerschdag och e Sonndeg d’Méiglechkeet hunn, fir kënnen ze fueren, sou de Paul Thiltges.

“Ech mengen et muss een och drun denken, dass déi Jugendlech schonn net ganz gutt dru sinn an et muss ee bedenken, dass déi Leit, déi wierklech fir de Cyclocross liewen, déi Spëtzeleit, déi mir hei hunn, déi si vum August un amgaangen a wann een déi Leit erëm esou wéi d’lescht Joer ofbremst, da ginn déi Leit iergendwann verluer an hunn och keng Loscht méi.”

Fir d’Coureuren ënner 19 Joer gëllt de Weekend den 3G, fir déi aner ass et den 2G+. Virun der Umeldung ginn d’Sportler kontrolléiert, wat zu längere Waardezäite féiere kann. Datt een elo méi strikt Mesuren erfëlle muss, fir un den Depart däerfen ze goen, stéiert d’Coureuren net. Bis ewell gouf et just positive Feedback, sou de Gilles Kneip.

“Also alleguer d’Coureuren, déi mir ugeschriwwen hunn a vun deene mir och e Retour kritt hunn, war et einfach positiv, dass se eis gesot hunn, dass se eis villmools géife Merci soen, dass mir de Cross trotzdeem géifen duerchzéien ënnert deene schwierege Bedingungen hei.”

D’Coureuren informéieren, d’Kontrollen an d’Tester, déi musse gemaach ginn, bedeiten och méi Aarbecht fir d’Organisateuren. An Zäiten, wou et net ëmmer einfach ass, fir déi néideg Benevollen ze fannen, keng einfach Saach. Zu Alzeng ass ee frou, datt een op d’Hëllef vun engem anere Veräin kann zielen.

“Mir kooperéiere jo an Zesummenaarbecht mat dem ACC Contern an déi zwee Veräiner zesummen hu mir elo dee Personalmangel do konnten opfänken.”

Wat d’Spectateuren ugeet, ass et esou, datt maximal 200 Leit wäerten eragelooss ginn. Zäit fir e Konzept en place ze setzen, war nämlech net. Och fir si gëllt den 2G+, ass een nach net geboostert, da brauch een e Schnelltest. Zu Péiteng ginn där keng zur Verfügung gestallt, ma d’Leit kënne gäre selwer ee matbréngen. Dat nämmlecht gëllt fir de Cross zu Hesper, wou awer eng gewëssen Unzuel u Schnelltester zur Verfügung wäert stoen, ma d’Coureuren hu Prioritéit.

Back to Top
CIM LOGO