Um Mëttwoch gouf den Depart vum Tour de France offiziell op den 29. August verluecht. D’Grande Boucle dauert deemno bis den 20. September a fält dann zäitgläich op den Tour de Luxembourg.
Den Tour duerch Lëtzebuerg ass vum 15. bis den 19. September a wäert och net verréckelt ginn. D’Organisateure musse sech wuel liicht ëmstellen an awer ass de President vum Tour den Andy Schleck nom éischte klenge Schock absolut optimistesch eng flott Editioun kënnen ze realiséieren.
“Lo hu mir den Tour de France, dee parallel leeft, dat ass awer net onbedéngt eng schlecht Noriicht. Déi gutt Noriicht ass, datt da sécher keng aner Course deen Ament gefuer gëtt. Et muss een natierlech bedenken, datt wann den TDF gefuer gëtt, do sinn 8 Coureuren vun den Equippen am Tour de France, an zanter ëmmer si Coursse parallel gelaf, dofir gesi mir dat net als Aschränkung a mir denken och net, datt dat eis Pub ewechhëlt. Natierlech muss ee sech vläicht e bëssen ëmstellen, zum Beispill, datt eis Arrivée net em déi selwecht Zäit wéi déi vum Tour de France ass.”
D’UCI huet hire Kalenner lo nei adaptéiert. Bis den 1. August bleiwen d’World Tour-Courssen ausgesat. D’WM soll wéi geplangt vum 20. bis den 27. September an der Schwäiz sinn, duerno dann eréischt den d’Giro an d’Vuelta. Déi national Championnater de Weekend vum 22. an 23. August also eng Woch virum Optakt vum Tour de France.
“Mir sinn an enger Situatioun, wou mir net wierklech wëssen, wat ass iwwermuer? Dofir waarde mir de 15. Mee of. Mir musse kucken, wéi d´Situatioun sech an der ganzer Welt dann entwéckelt. Et ass jo och eng ethesch Fro, déi duerno dobäi kënnt, wéi d´Situatioun sech entwéckelt. Mee bis elo organiséiere mir eis Course weider an halen un deem Datum fest, dee mir virgesinn hunn.”, sou nach de fréieren Tour-de-France-Gewënner.
