Dat gouf dann e Mëttwoch offiziell confirméiert. De Grand Depart wäert den 29. August zu Nice sinn, dëst huet den Direkter vum Tour de France, de Christian Prudhomme e Mëttwoch de Mëtteg op France 2 annoncéiert.
D’Arrivée vum Tour de France zu Paräis ass den 20. September. An deene Woche gëtt am Prinzip och ëmmer d’Vuelta a Spuenien gefuer.
Dëst huet och Repercussiounen fir den Tour de Luxembourg, dee vum 15. bis den 19. September geplangt ass.
D’UCI, d’Union Cycliste Internationale huet hire Kalenner lo komplett nei adaptéiert. Bis den 1. August bleiwen d’World-Tour-Kompetitiounen ausgesat .
D’Weltmeeschterschafte géife wéi virgesi vum 20. bis de 27. September an der Schwäiz zu Aigle-Martiny gefuer ginn an duerno réischt wieren de Giro d’Italia an d’Vuelta programméiert.
D’national Championnater wieren de Weekend vum 22. an 23. August.
