Tour des Alpes-Maritimes et du Var De Belsch Tim Wellens wënnt 2. Etapp

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass déi zweet Etapp vun der 54. Editioun vum Tour des Alpes Maritimes et du Var gefuer ginn.
© AFP (Archiv)

Den Tim Wellens huet sech no 149,1 Kilometer vu Puget-Théniers op La Turbie virum Nairo Quintana an dem Valentin Madouas duerchgesat.

Bei der Course am Frankräich hunn déi dräi Lëtzebuerger, déi mat um Depart waren, ënnerschiddlech Performancë gewisen. De Kevin Geniets gouf de 16. mat engem Retard vun 1 Minutt an 33 Sekonnen op de Vainqueur. Donieft sinn den Alex Kirch als 55. an de Luc Wirtgen als 82. iwwert d’Arrivée gefuer.

Mat senger Victoire huet den Tim Wellens och d’Féierung am General iwwerholl. De Kevin Geniets ass duerch seng gutt Leeschtung nach an den Top 10 platzéiert. Den Alex Kirsch an de Luc Wirtgen stinn op de Plazen 49 an 71.

D’Klassement vun der 2.Etapp

1 WELLENS Tim 3:46:00
2 QUINTANA Nairo ,,
3 MADOUAS Valentin 0:25
4 MOLLEMA Bauke 0:27
5 MARTIN Guillaume ,,
6 GHEBREIGZABHIER Amanuel 0:30
7 KRON Andreas 1:27
8 VUILLERMOZ Alexis ,,
9 SHAW James 1:31
10 BREGNHØJ Mathias 1:33
...
16 GENIETS Kevin 1:33
...
55 KIRSCH Alex 11:41
...
82 WIRTGEN Luc 15:13

General no der 2.Etapp

1 WELLENS Tim 8:00:43
2 QUINTANA Nairo ,,
3 MADOUAS Valentin 0:26
4 MOLLEMA Bauke 0:27
5 MARTIN Guillaume ,,
...
10 GENIETS Kevin 1:33
...
49 KIRSCH Alex 11:41
...
71 WIRTGEN Luc 15:48

Back to Top
CIM LOGO