Maillot jaune am TDFDe fréiere Cyclist Roger Hassenforder ass dout

RTL Lëtzebuerg
De "Roger le fou", deen de Maillot jaune beim Tour de France am Joer 1953 hat, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.
© AFP/Archives/

Wärend 13 Saisonen (1952-1965) ass hie bei bekannte Vëloscoursse matgefuer an huet esouguer 8 Etappe vum Tour de France gewonnen. Hien huet sech net nëmmen en Numm duerch seng sportlech Leeschtungen, mä och duerch säi Charakter a seng eenzegaarteg Bemierkunge gemaach gehat.

3 Mol huet hien de Critérium national gewonnen (1954, 1956, 1958), 1 Mol den Tour du Sud-Est (1953), d’Boucles de la Seine am Joer 1959 an de Championnat de France 1954.

Back to Top
CIM LOGO