Tour de l'Ain - 2. EtappDe Georg Zimmermann setzt sech duerch

RTL Lëtzebuerg
De jonken Däitsche konnt sech am Sprint virum Australier Michael Storer an dem Belsch Harm Vanhoucke behaapten.

E Freideg stoung déi 2. Etapp vum Tour de l’Ain um Programm, bei där et fir d’Cyclisten iwwer 136 Kilometer vu Lagnieu op Saint-Vulbas gaangen ass.

Eng Echappée aus 5 Coureure konnt sech ofsetzen a sech e Virsprong vu ronn 20 Sekonnen op d’Poursuivanten erausschaffen. Knapp 2 Kilometer virun der Arrivée ass och de Georg Zimmermann aus dem Grupp vun de Poursuivanten nach zu der Echappée gestouss. Um Enn war hien et och, deen déi stäerkste Been hat an de Schlusssprint konnt lancéieren a gewannen, woumat hie seng staark Leeschtung mat der Etappevictoire kréint.

Am General ass de Georg Zimmermann elo och den neie Leader, hannert him stinn de Michael Storer op 4 Sekonnen an den Harm Vanhoucke mat engem Réckstand vu 6 Sekonnen.

Dëst Joer si jo och nees 3 Lëtzebuerger mat dobäi. De Michel Ries ass um Freideg op 1:44 als 34. iwwert d’Arrivée gefuer, de Jempy Drucker gouf de 96. mat engem Réckstand vu 16:46 an den Ivan Centrone huet opginn. Am Generalklassement läit de Michel Ries op 1:54 op der 44. Plaz, de Jempy Drucker steet op Positioun 85 mat engem Retard vu 16:56.

D’Top10

1 ZIMMERMANN Georg Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 3:05:42
2 STORER Michael Team DSM ,,
3 VANHOUCKE Hans Lotto Soudal ,,
4 ROCHAS Rémy Cofidis, Solutions Crédits ,,
5 BADILATTI Matteo Groupama - FDJ ,,
6 STEINHAUSER Georg Germany ,,
7 DIAZ José Manuel DELKO 0:18
8 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 0:22
9 SIMMONS Quinn Trek - Segafredo ,,
10 LATOUR Pierre Team TotalEnergies ,,
...
34 RIES Michel Trek - Segafredo 1:44
96 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits 16:46

De General

1 ZIMMERMANN Georg Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 6:10:29
2 STORER Michael Team DSM 0:04
3 VANHOUCKE Hans Lotto Soudal 0:06
4 ROCHAS Rémy Cofidis, Solutions Crédits 0:10
5 STEINHAUSER Georg Germany ,,
6 BADILATTI Matteo Groupama - FDJ ,,
7 DIAZ José Manuel DELKO 0:28
8 PARET-PEINTRE Aurélien AG2R Citroën Team 0:32
9 LATOUR Pierre Team TotalEnergies ,,
10 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team ,,
...
44 RIES Michel Trek - Segafredo 1:54
85 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits 16:56

Back to Top
CIM LOGO