Vuelta: 5. EtappDe Jasper Philipsen séchert sech seng 2. Victoire am Sprint

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Alex Kirsch an Kevin Geniets hu sech als 57. respektiv 176. klasséiert.
© AFP

Um 5. Dag vun der Vuelta ass et iwwer flaach 184,4 Kilometer vun Tarancon op Albacete gaangen. Hei hat de Jasper Philipsen am grénge Maillot déi séierste Been. De Fabio Jakobsen ass als 2. iwwert d’Arrivée gefuer. 3. gouf den Alberto Dainese.

De Leader vum General Rein Taaramäe ass op en Neits 11,6 Kilometer virun der Arrivée gefall an huet säi roude Maillot verluer. Neie Leader ass domadder de Kenny Elissonde mat enger Avance vu 5 Sekonnen op de Primoz Roglic. Neien 3. ass elo de Lilian Calmejane op 10 Sekonnen.

De Kevin Geniets war an déi nämmlecht Chute verwéckelt, wéi de Rein Taaramaë a gëtt de 176. mat engem Retard vu 9 Minutten a 7 Sekonnen. De Lëtzebuerger Alex Kirsch ass an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner de 75. ginn. Am General ass de Kirsch 128. mat 16 Minutten a 28 Sekonne Retard an de Geniets 158. op 22 Minutten an 19 Sekonnen.

D’Top10

1 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix 4:24:41
2 JAKOBSEN Fabio Deceuninck - Quick Step ,,
3 DAINESE Alberto Team DSM ,,
4 MOLANO Juan Sebastián UAE-Team Emirates ,,
5 ALLEGAERT Piet Cofidis, Solutions Crédits ,,
6 ABERASTURI Jon Caja Rural - Seguros RGA ,,
7 MEEUS Jordi BORA - Hansgrohe ,,
8 MINALI Riccardo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 JANSE VAN RENSBURG Reinardt Team Qhubeka NextHash ,,
10 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
...
75 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
176 GENIETS Kévin Groupama - FDJ 9:07

De General

1 ELISSONDE Kenny Trek - Segafredo 17:33:57
2 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:05
3 CALMEJANE Lilian AG2R Citroën Team 0:10
4 MAS Enric Movistar Team 0:20
5 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:26
6 VALVERDE Alejandro Movistar Team 0:32
7 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,
8 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
9 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 0:44
10 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 0:45
...
128 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 16:28
158 GENIETS Kévin Groupama - FDJ 22:19

Back to Top
CIM LOGO