
Op der 10. Etapp vun der Vuelta ass et iwwer hiwweleg 189 Kilometer vu Roquetas de Mar op Rincon de la Victoria gaangen.
Dee séierste Coureur war en Dënschdeg op en Néits de Michael Storer. Den Australier hat op der Arrivée ee Virsprong vun 22 Sekonnen op den 2. Mauri Vansevenant an den 3. Clément Champoussin.
De Leader am General Primoz Roglic ass gefall a kënnt mat engem Retard vun 11 Minutten an 48 Sekonnen op d’Arrivée. Hie verléiert säi roude Maillot un de Christian Eiking an ass lo neien 3. op 2 Minutten a 17 Sekonnen. Zweeten am General ass elo de Guillaume Martin op 58 Sekonnen.
De Alex Kirsch ass den 93. op iwwer 21 Minutten an 41 Sekonne ginn. De Kevin Geniets ass als 165. mat engem Retard vu 25 Minutten an 31 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. Am General ass de Geniets den 146. op iwwer eng Stonn an 38 Minutten, de Kirsch ass den 158. op iwwer eng Stonn a 44 Minutten.
1 STORER Michael Team DSM 4:09:21
2 VANSEVENANT Mauri Deceuninck - Quick Step 0:22
3 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team ,,
4 VAN BAARLE Dylan INEOS Grenadiers ,,
5 EIKING Odd Christian Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
6 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers 0:51
7 SCHULTZ Nick Team BikeExchange ,,
8 BOUCHARD Geoffrey AG2R Citroën Team ,,
9 CALMEJANE Lilian AG2R Citroën Team ,,
10 ELISSONDE Kenny Trek - Segafredo ,,
...
93 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 21:41
165 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 25:31
1 EIKING Odd Christian Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 38:37:46
2 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 0:58
3 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 2:17
4 MAS Enric Movistar Team 2:45
5 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 3:38
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:59
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:46
8 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 4:57
9 YATES Adam INEOS Grenadiers 5:01
10 GROßSCHARTNER Felix BORA - Hansgrohe 5:42
...
146 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 01:38:34
158 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 01:44:37