
De Philippe Gilbert ass déi nächste Woch um Depart vum Tour de Luxembourg, dat huet de fréiere Weltmeeschter e Freideg annoncéiert.
De Belsch hat sech no enger Chute am Tour de France blesséiert an hat missen opginn. Säi Comeback ass elo en Dënschdeg beim Tour de Luxembourg, dee bis den nächste Samschdeg dauert.
Beim Tour de Luxembourg sinn dëst Joer och 10 Lëtzebuerger um Depart.