
Op der 17. Etapp vun der Vuelta stoung eng schwéier Biergetapp iwwer 185,8 Kilometer vun Unquera op Lagos de Covadonga um Programm.
De Leader vum General Odd Christian Eiking huet an der zweeter Montée, ronn 60 Kilometer virun der Arrivée, misse lassloossen, wouropshin den Egan Bernal attackéiert huet. De Primoz Roglic war deen Eenzegen, deen dem Kolumbianer seng Vitess konnt matgoen. Allerdéngs konnt de Slowen den Egan Bernal ronn 7 Kilometer virun der Arrivée distanzéieren a gewënnt domat seng 3. Etapp an dëser Vuelta. Déi 2. Plaz ass fir säin Equipier Sepp Kuss mat engem Retard vun enger Minutt a 35 Sekonnen. De Miguel Angel Lopez fiert zäitgläich als 3. iwwert d’Arrivée. Den Egan Bernal konnt seng Vitess net méi halen a gëtt um Enn de 7.
Neie Leader am General ass domat de Primoz Roglic mat enger Avance vun 2 Minutten an 22 Sekonnen op den Enric Mas. Neien 3. ass de Miguel Angel Lopez op 3 Minutten an 11 Sekonnen.
Den Alex Kirsch ass als 86. mat engem Retard vu 38 Minutten a 38 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer, de Kevin Geniets gouf den 111. op 38 Minutten an 49 Sekonnen. Am General ass de Geniets den 101. op iwwer 2 Stonnen an 58 Minutten, den Kirsch den 133. mat engem Retard vun iwwer 3 Stonnen a 34 Minutten.
1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 4:34:45
2 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 1:35
3 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team ,,
4 YATES Adam INEOS Grenadiers ,,
5 HAIG Jack Bahrain - Victorious ,,
6 MAS Enric Movistar Team ,,
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
8 MÄDER Gino Bahrain - Victorious ,,
9 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 2:29
10 CHAMPOUSSIN Clément AG2R Citroën Team 2:44
...
86 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 38:38
116 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 38:49
1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 68:42:56
2 MAS Enric Movistar Team 2:22
3 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 3:11
4 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:46
5 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 4:16
6 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:29
7 YATES Adam INEOS Grenadiers 4:45
8 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 5:04
9 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 6:54
10 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 6:58
...
101 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 2:58:07
133 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 3:34:13