
De Simon Yates huet d‘Enn vu senger Karriär annoncéiert. Den aktuelle Vainqueur vum d’Giro d’Italia huet dëst e Mëttwoch offiziell matgedeelt. Et géif wuel fir vill Leit iwwerraschend sinn, ma hien hätt sech déi Decisioun mat 33 Joer gutt iwwerluecht, sou de Britt op de Soziale Medien.
Nieft senger Victoire beim Giro huet hien och eng Etapp vum Tour de France 2025 gewonnen a war Deel vum Jonas Vingegaard senger Ekipp, deen am General op déi zweete Plaz komm war. 2018 hat hien d’Vuelta fir sech decidéiert.
A sengem Palmarès stinn dräi Etappevictoirë beim Tour, sechs beim Giro an zwou bei der Vuelta. Virdrun hat de Simon Yates op der Bunn Succèse gefeiert. 2013 war hie Weltmeeschter am Punktefuere ginn.
Den Adam, Zwillingsbrudder vum Simon Yates, fiert aktuell fir d’UAE-Ekipp ronderëm den aktuellen Tour-Gewënner a Stroosseweltmeeschter Tadej Pogacar.
