An dat huet Succès: Eng Dausend Cyclisten an 3.000 Spectateure waren um Rendez-Vous.
Zu Wëntger kann ee feststellen, wéi en Duerf wärend 24 Stonnen säi Gesiicht ka changéieren. Um Vëlo gi Ronne gedréint fir e gudden Zweck an et ass eng richteg lass. Besonnesch spannend ass den Iwwergang vum Dag an d’Nuecht eran. Da sinn d’Luuchten um Vëlo obligatoresch.
D’Campéieren ronderëm de Circuit mécht besonnesch de jonke Leit Spaass. Ze schlofen gëtt et hei räichlech wéineg, a jiddereen huet seng eegen Rezepter fir d’Konzentratioun héich ze halen.
Eng 12 Cyclisten fueren op hir eege Fauscht, anerer wiessele sech an Equippen of. Spéitstens um Sonndeg wäerten d’Rieder dann erëm ophale mat dréinen ... zu Wëntger.
