Zanter gutt 3 Joer, ass de Jemyp Drucker elo schonns Vëlos-Nationaltrainer. Am Podcast gëtt ee gewuer, wéi seng Aarbecht ausgesäit.
Nodeems de Jempy Drucker seng aktiv Vëloskarriär un den Nol gehaangen huet ass hie praktesch direkt bei d’FSCL gewiesselt, fir Nationaltrainer ze ginn. Mat den Espoiren huet hien dëst Joer ënnert anerem Etappen am Tour de l’Avenir an am Tour de Luxembourg gewonnen.
Am Podcast erzielt de Jempy Drucker ënnert anerem, wéi seng deeglech Aarbecht ausgesäit. Et gëtt een och gewuer, firwat de Vëlodrome wichteg fir de Vëlossport bei eis am Land ass.
De Jempy Drucker schwätzt am Podcast vun engem excellente sportleche Joer. Ënnert anerem duerch d’Resultater vun den Espoiren, déi am Tour de l’Avenir an och am Tour de Luxembourg konnten eng Etapp gewannen. Nieft de Resultater op der Strooss huet d’Marie Schreiber awer och d’Sëlwermedail op der Cyclocross-WM fir U23 gewonnen. De Jempy Drucker ass der Meenung, datt dem Mats Wenzel seng Leeschtung op der EM vu ville Leit net héich genuch ageschat gëtt. De ganzen Dag iwwer war de Wenzel an der Echappée an ass um Enn nach de 17. ginn, dat op engem Parcours, deen immens schwéier war.
Am Podcast huet de Jempy Drucker erzielt, wéi seng Aarbecht bei der FSCL ausgesäit. Nieft den Trainingen déi hien organiséiert ass hien och zoustänneg, fir d’Hoteller fir d’Courssen ze buchen. Am Wanter geet hien och sonndes bei eis am Land d’Cyclocross-Coursse kucken. Normalerweis schafft hie sechs Deeg an der Woch. De Jempy Drucker huet och betount, datt d’Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Trainere wichteg wier. An déi ass och bannent der FSCL gutt, seet den Nationaltrainer.
Och iwwer de Gravel ass am Podcat rieds gaangen. D’Sportaart, déi aus Amerika kennt, boomt den Ament. De Jempy Drucker féiert dat dorop zeréck, datt alles bësse méi cool a lässeg beim Gravel ass. Do géif och no der Course nach dacks e Béier zesumme gedronk ginn. Säi fréieren Equipier Greg van Avermaet probéiert de Jempy Drucker och ze motivéieren, fir Gravel-Courssen ze fueren. Bis elo ass dat awer nach net de Fall gewiescht.