
Um Parcours iwwer 180 Kilometer duerch a ronderëm Montreal gouf et eng ganz spannend Finall. D'Katarzyna Niewiadoma-Phiney an d'Demi Vollering waren op de leschte 500 Meter Pneu u Pneu, a sou koum et zum Sprint tëschent béide Fuererinnen.
D'Hollännerin hat awer déi besser Been an dierf sech nei Weltmeeschterin nennen. D'Polin Niewiadoma muss sech mat Sëlwer zefridde ginn. De Podium gouf vun der Italieenerin Elisa Longo Borghini komplettéiert. D'Nina Berton huet d'Course op der 36. Plaz ofgeschloss.
Ronn 100 km virun der Arrivée koum et zu enger grousser Chute am Peloton, wou ongeféier 15 Fuererinnen involvéiert waren, dorënner och d'Paula Blasi d'Kim Le Court. Aacht Fuererinnen hunn duerno opginn, ënner anerem d'Blasi an d'Niamh Fisher-Black aus Neiséiland, déi an der Ekipp vum Teammanager Frank Schleck fiert. D'Schweedin Andersson ass bei dëser Chute sou schlëmm gefall, dass si vu sech war an an d'Spidol huet missen transportéiert ginn.
D'Titelverdeedegerin a Kanadierin Magdeleine Vallieres huet 62 km virun Arrivée opginn a konnt hiren Titel domat virun eegenem Public net verdeedegen.
D'Nina Berton, déi als eenzeg Lëtzebuergerin bei den Dammen dobäi war, huet sech laang vir bei de Favorittinnen opgehalen an huet 58 Kilometer virun der Arrivée fir e puer Kilometer op sech opmierksam gemaach. Si hat et aus dem Peloton eraus versicht, gouf awer séier nees agefaangen.
Wéi d'Demi Vollering 38 Kilometer virun der Arrivée hir Attack lancéiert huet an déi aner Favorittinnen Niewiadoma, Longo Borghini a Reusser nogezunn hunn, konnt d'Lëtzebuergerin den Tempo net matgoen.
D'Vollering an d'Niewiadoma goungen zesummen an de leschte Bierg. Op de leschte Meter koum et zum Sprint, mam besseren Ausgang fir d'Gewënnerin vum Tour de France Femmes 2026.