CyclissemRemco Evenepoel wënnt Amstel Gold Race

RTL Lëtzebuerg
Mat engem explosive Sprint goung déi 60. Editioun vun dësem Een-Dages-Klassiker op en Enn. Fir den Evenepoel ass et seng 75 Dagesvictoire.
© DIRK WAEM/Belga via AFP

De Remco Evenepoel an de Mattias Skjelmose goufen am Virfeld vun der 60. Amstel Gold Race als Favoritte gehandelt, dat och, well den aktuellen Dominator Tadej Pogacar bei dësem Een-Dages-Klassiker net ugetruede war. De Skjelmose wollt seng Victoire aus dem leschte Joer widderhuelen, dat sollt him um Enn awer net geléngen. Et war den Hollänner, dee sech am Sprint d’Victoire séchere konnt. Et war dem Evenepoel seng 75. Victoire a senger Karriär, de Skjelmose muss weider op seng nächst Victoire zënter dem Tour de Luxembourg waarden. De Benoît Cosnefroy koum op déi drëtt Positioun.

Eng Echappée hat sech schonn 10 Kilometer no dem Depart ofgesat a konnt sech eng maximal Avance vu 4'10'’ erausfueren. Ab Kilometer 150 huet de Peloton dëse Réckstand ëmmer méi no ënne gedréckt an d’Echappée gouf ëmmer méi kleng. Kuerz no der zweeter Montée vum Kruisberg konnt sech eng Grupp mat de Favoritte Mattias Skjelmose, Remco Evenepoel, Matteo Jorgenson, Romain Grégoire a Kévin Vauquelin vum Peloton ofsetzen. E puer Kilometer weider waren de Vauquelin, Jorgenson an den Ausräisser Artz an eng Chute verwéckelt.

Skjelmose, Evenepoel a Grégoire waren op der Juegd nom Marco Frigo, dee mëttlerweil eleng un der Spëtzt war, an haten den Italieener 36 Kilometer virun der Arrivée agefaangen. De Frigo konnt den Tempo vum Trio net matgoen a gouf uschléissend duerchgereecht. De Grégoire konnt den Tempo vu Skjelmose an Evenepoel bei zweeter Montée vum Cauberg net matgoen a gouf ofgehaangen. D’Entscheedung sollt eréischt am Sprint op der Ligne droite falen. De Skjelmose gouf vum Evenepoel an déi éischt Positioun gezwongen a konnt du mat engem explosive Sprint fir d’Entscheedung suergen.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren de Bob Jungels an de Kevin Geniets dobäi. Den 29 Joer ale Geniets koum bei senger fënnefter Participatioun un der Amstel Gold Race op déi 55. Plaz (+ 3:32), den erfuerene Jungels hat bei senger néngter Participatioun mat Plaz 127 iwwer 10 Minutte Retard op de Gewënner.

Virun 20 Joer, op engem 16. Abrëll, hat de Fränk Schleck fir déi bis elo eenzeg lëtzebuergesch Victoire bei dësem Klassiker gesuergt. Et war den éischte groussen internationale Succès fir den deemools 26 Joer ale Lëtzebuerger. 2008 koum de Schleck als Zweeten eng weider Kéier op de Podium bei der 257 Kilometer laanger Course duerch d’hollännesch Provënz Limburg.

Damme-Course

No 158 Kilometer, also knapp 100 Kilometer manner wéi d’Hären, duerft sech d’Paula Blasi iwwer d’Victoire freeën. D’Spuenierin konnt sech en solitaire mat enger Avance vu 27 Sekonnen op d’Kasia Niewiadoma duerchsetzen, déi zäitgläich mat der Demi Vollering am Sprint ukoum. 16 Sekonnen hannendru koum déi éischt grouss Grupp mat ënner anerem der Anna Van der Breggen an der Puck Pieterse. Eng Lëtzebuerger Participatioun gouf et bei der 12. Dammen-Editioun net.

Nächst Rendez-vousen

Déi nächst Woch ass fir d’Vëlosfans mat den Ardenne-Klassiker Flèche Wallonne e Mëttwoch a Léck-Baaschtnech-Léck e Sonndeg gutt gefëllt an et wäert ee sécher eng Abberzuel Lëtzebuerger Supportere laanscht béid Circuiten untreffen.

Back to Top
CIM LOGO