Nom Tour de Luxembourg ass d’Flèche du Sud déi zweetgréisste Vëloscourse hei zu Lëtzebuerg. Fir de 75. Gebuertsdag klëmmt déi traditiounsräich Etappecourse op en neien Niveau. Eng éischte Kéier wäert d’Flèche als “2.1 Course” klasséiert sinn.
“Wann net fir de 75. Anniversaire, wéini dann”, sou de Ben Funk, Präsident vun der Vëlos-Unioun Esch. No laangen Diskussiounen huet ee sech schlussendlech entscheet, dëse Schratt ze goen. Virun allem méi Siichtbarkeet fir déi Lëtzebuerger Sportler erhofft ee sech domadder.
Der DNA vun der Flèche du Sud wéilt een awer trei bleiwen. Et soll och an den nächste Jore weiderhin e Sprangbriet fir déi jonk Coureure sinn. Duerch d’Eropstufe vun der Flèche kéint een den Nowuesstalenter lo nach méi eng grouss Bün bidden.
Aus Lëtzebuerger Siicht si bis ewell 13 Coureuren ugemellt. Och déi lëtzebuergesch Nationalekipp wäert dëst Joer nees mat um Depart sinn. Dorënner de Mats Wenzel, dee leschte Weekend am Clasica de Pascua seng éischt Victoire an dëser Saison konnt feieren. Mat zwee weidere lëtzebuergeschen Topfuerer wier een de Moment nach um handele fir fir d’Nationalekipp un den Depart ze goen, sou de Camille Dahm, Präsident vun der FSCL.
Mat um Rendez-vous wäert och de Pim Ronhaar sinn, deen 2023 an 2024 de General gewanne konnt. Mat enger Victoire dëst Joer kéint den Hollänner sech als éischten eng drëtte Kéier an de Palmarès vun der Flèche du Sud androen. Mat Visma lease a Bike wäert dann och eng vun deene gréisste World Tour Ekippe mat ob den Depart goen.
Lass geet et den 13. Mee zu Stadbriedemes wou d’Coureuren iwwer 5 Deeg méi wéi 700 Kilometer an 10.000 Héichtemeter erwaarden. Mat der gewinnter Kinneksetapp zu Buerschent an der Arrivée zu Esch.
13. Mee, 1. Etapp – Stadbriedemes – Stadbriedemes (94km)
14. Mee, 2. Etapp – Rëmeleng – Rëmeleng (150,6km)
15. Mee, 3. Etapp – Buerschent – Buerschent (154,6km)
16. Mee, 4. Etapp – Stengefort – Stengefort (148,7km)
17. Mee, 5. Etapp – Esch – Esch (166,5km)
An dann dierft ee gespaant sinn, ween den Nofollger vum Hollänner Martin Rasenberg wäert ginn, deen 2025 gewonnen hat.