Laang Zäit hat e Spëtzegrupp dës Etapp dominéiert, hei ware 5 Leit dran ënnert anerem och den Tony Gallopin. Ma och den Axel Zingle war mat dobäi, deen zwou Biergwäertunge fir sech entscheede konnt, spéiderhin awer an eng Chute involvéiert war.
Um Enn war den Tempo am Peloton ze héich fir d’Echappée, esou datt si 10 Kilometer virun der Arrivée nees ageholl goufen.
Um Enn gouf et eng Victoire am Sprint vum Italiener Diego Ulissi, deen domat och d’Féierung am General iwwerhëlt. Hei huet hie 7 Sekonnen Avance op de Capiot an 9 Sekonnen op de Grosu.
Den Ivan Centrone war en Dënschdeg de beschte Lëtzebuerger, dat op der 26. Plaz. Den Tom Wirtgen verléiert als 42. 11 Sekonnen, de Michel Ries klasséiert sech als 48. op 16 Sekonnen. An där nämmlechter Zäit kënnt de Ben Gastauer op déi 50. Plaz an de Luc Wirtgen op d’Plaz 52. De Jan Petelin kënnt op d’Plaz 82 a verléiert 1 Minutt a 35 Sekonnen. De Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets fiert als 105. iwwer de Stréch, dat 2 Minutten a 27 Sekonne nom Gewënner, den Arthur Kluckers gëtt den 118. op 3 Minutten an 18 Sekonnen, de Raphaël Kockelmann den 136. op 18 Minutten a 6 Sekonnen an de Colin Heiderscheid ass ze spéit ukomm a gouf aus der Course geholl.
RTL-News: Presentatioun vun der 80. Editioun vum Tour de Luxembourg