Eigentlech wollt ee mam neien Datum der Konkurrenz vu Courssen ewéi dem Dauphiné an dem Tour de Suisse aus de Féiss goen, mä elo gëtt de Skoda Tour de Luxembourg wéinst dem neien UCI-Kalenner zäitgläich mam Tour de France gefuer. Déi 5 Etappen, déi vum 15. bis den 19. September organiséiert ginn, falen an déi leschte Woch vun der Grande Boucle, mä dat muss net onbedéngt een Nodeel sinn. Um Enn wäert een nämlech trotzdeem ee staark Feld u Coureuren um Depart hunn, sou den Direkter vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck.
D’Presentatioun vun den Ekippe wäert bei der Coque sinn, do wou och déi éischt Etapp starte wäert. Dëst Joer gëtt et kee Prolog an der Stad, mä dofir 5 Etappen. D’Arrivée ass den 19. September bei der Hal Victor Hugo.
Et gëtt e Peloton vun 144 Coureuren, 24 Ekippe sinn um Depart. Et sinn 8 WorldTour-Ekippen ageschriwwen, esou wéi 12 Pro-Kontinentalekippen, dovunner Alpecin-Fenix an Arkéa-Samsic. Leopard ass déi eenzeg lëtzebuergesch Ekipp an eng vu 4 Kontinentalekippen.
Datt esou vill WorldTour-Ekippe mat dobäi sinn, schwätzt fir Qualitéit. Deemno kéint ënnert anerem och de franséische Champion Arnaud Démarre beim Tour de Luxembourg starten, awer natierlech och d’Profien aus dem Grand-Duché.
Nieft verschiddene Nowuesscoureure sinn aktuell de Ben Gastauer, Alex Kirsch, Michel Ries an den neie Champion Kevin Geniets gemellt. Déi provisoresch Startlëscht gëtt reegelméisseg um Site vum Tour de Luxembourg aktualiséiert.
E groussen Defi ass dëst Joer natierlech den Ëmgang mam Coronavirus. Logistesch an organisatoresch ass d’Ekipp vum Andy Schleck awer dorobber virbereet.
D’Course gëtt a 85 Länner gewisen. RTL ass all Dag live vun 12.20 Auer un op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu mat Kommentar vum Tom Flammang mat dobäi.
1. Lëtzebuerg - Lëtzebuerg : 133,5 km
2. Réimech - Hesper : 160,8 km
3. Rouspert - Schëffleng : 164,3
4. Rodange - Déifferdeng : 201 km
5. Miersch - Lëtzebuerg : 177 km
AG2R La Mondiale
Astana
Bahrain
Groupama-FDJ
Lotto-Soudal
NTT Pro Cycling
Trek Segafredo
UAE Team Emirates