CyclocrossDopping-Test vum Toon Aerts ass positiv ausgefall

RTL Lëtzebuerg
Den 19. Januar gouf de Belsch positiv op en Doppingmëttel getest. Seng Ekipp Baloise Trek Lions huet hien doropshin aus dem Kader geholl.
Den Toon Aerts (riets) um Podium mam Cyclocross-Weltmeeschter vun 2021 Mathieu Van Der Poel (mëtt) an dem Vizeweltmeeschter Wout Van Aert(lénks).
Den Toon Aerts (riets) um Podium mam Cyclocross-Weltmeeschter vun 2021 Mathieu Van Der Poel (mëtt) an dem Vizeweltmeeschter Wout Van Aert(lénks).
© AFP

Et ass och seng Ekipp, déi matgedeelt huet, datt 3. bei der Weltmeeschterschaft 2021 positiv getest gouf, dat bei enger Course, déi ausserhalb vun der Kompetitioun gefuer gouf.

Am Test goufe Spuere vu Létrozole, wat zanter 2008 vun der Anti-Dopping-Agence op déi verbuede Lëscht gesat gouf, fonnt. De Coureur sot dem Het Laatste Nieuws, datt hie bis ewell nach ni héieren hätt, datt vun deem Stoff geschwat gouf. Hie wéist och net, wéi en a säi Kierper koum. D’Medikament gëtt haaptsächlech bei der Behandlung vu Broschtkriibs, dee Metastase bilt, bei Fraen no der Menopaus agesat.

Nom positiven Test huet d’Ekipp vum Toon Aerts decidéiert, de Coureur ze suspendéieren. Den Toon Aerts war 2019 belsche Champion am Cyclocross an 2016 Europameeschter.

Back to Top
CIM LOGO