Tirreno-Adriatico: 6. EtappDrëtt Victoire fir den Tadej Pogacar

RTL Lëtzebuerg
Op der zweetlängster Etapp vum Tirreno-Adriatico fiert den Tadej Pogacar der Konkurrenz dovun a bleift a Giel. De Bob Jungels kënnt als 27. un.
© AFP Archiv

Op der sechster Etapp iwwer 215 km vun Apecchio op Carpegna huet den Tadej Pogacar nees seng Klass gewisen. Hie louch laang Zäit a Féierung an huet seng Avance op den Zweetplacéierten ausgebaut. Neien Zweeten am General ass de Jonas Vingegaard, deen e Samschdeg och op der Etapp den Zweete gouf an zäitgläich mam Drëtte Mikel Landa iwwer d’Arrivée fiert. De Bob Jungels koum um Samschdeg mat engem Retard vu 7 Minutten a 50 Sekonnen als 27. an d’Zil.

Am General vun der 57. Editioun vum Tirreno-Adriatico läit den Tadej Pogacar 1 Minutt an 52 Sekonne virum Dän Jonas Vingegaard an 2 Minutten 33 Sekonne virum Mikel Landa aus Spuenien. De Bob Jungels ass als 23. mat engem Retard vun iwwer 10 Minutte klasséiert.

D’Klassement vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 5:28:57
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:03
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious ,,
4 PORTE Richie INEOS Grenadiers 1:34
5 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:49
6 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe ,,
7 PINOT Thibaut Groupama - FDJ ,,
8 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 2:23
9 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
10 ARENSMAN Thymen Team DSM ,,
...
27 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 7:50

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 23:45:55
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 1:52
3 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 2:33
4 PORTE Richie INEOS Grenadiers 2:44
5 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 3:05
6 ARENSMAN Thymen Team DSM 3:16
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 3:20
8 PINOT Thibaut Groupama - FDJ 3:37
9 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 3:51
10 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 4:03
...
23 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team 10:15

Back to Top
CIM LOGO