De Lëtzebuerger Luc Wirtgen war an enger Echappée vun 10 Mann materakomm, ma de Coureur vun Bingoal Pauwels Sauces WB gouf beim éischte Passage vun der Mur de Huy ofgehaangen an ass dunn och vum Peloton ageholl ginn. Zu deem Ament waren de Kevin Geniets an de Bob Jungels nach am Peloton mat dobäi. D’Echappée sollt et awer net paken a gouf fréi an dëser Etapp ageholl. Eng 10 Kilometer viru Schluss war de gréissten Deel vum Peloton nach ëmmer zesummen, mat dobäi och de Bob Jungels an de Kevin Geniets.
Ëmmer erëm hu Coureuren, déi sech keng Chance ausgerechent hunn, fir d’Mur de Huy am Peloton ze gewannen, probéiert, fir sech an de leschte Kilometer. Zwee Coureure hate sech en Avantage an der leschter Descente erausgefuer an de Peloton huet misste méi séier ginn, wat dozou gefouert huet, datt de Peloton ausernee gebrach ass. Ma knapp ware si an d’Mauer eragefuer, war de klengen Ecart vun der Echappée scho fort. De séieren Tempo konnte vill Coureuren net matgoen, esou datt nach just e puer vun hinnen ëm d’Victoire konnte matsprinten. Déi beschte Been hat den Dylan Teuns, dat virum Alejandro Valverde an dem Aleksandr Vlasov.

...
44 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +0:44
78 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team +3:11
DNF WIRTGEN Luc Bingoal Pauwels Sauces WB