Tour duerch PolenEcuadorianer Carapaz iwwerrascht am Sprint a féiert de General un

RTL Lëtzebuerg
Op der 3. Etapp vum Tour duerch Polen goung et e Freideg iwwer 200 Kilometer vu Wadowice op Bielsko-Bialavor.
De Richard Carapaz, Virjoresgewënner vum Giro d'Italia.
De Richard Carapaz, Virjoresgewënner vum Giro d’Italia.
© AFP

De Giro-Gewënner aus dem Joer 2019 huet sech am Schlusssprint no insgesamt 200 Kilometer géint d’Konkurrenz behaapt. E Freideg konnt sech de Richard Carapaz vun Ineos am Sprint virum Diego Ulissi (UEA-Team Emirates) an dem Rudy Molard (Groupama-FDJ) duerchsetzen. Am General huet de Mann aus dem Ecuador de Sprong op déi 1. Plaz domat gepackt.

Mat engem Retard vun 8 Sekonnen op den 1. ass de Lëtzebuerger Ben Gastauer (AG2R) als 42. iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. Den aner Lëtzebuerger an der Course, den Alex Kirsch (Trek Segafredo), gouf e Freideg op iwwer eng Hallef Stonn den 130.

Op en Neits gouf et eng Chute am Tour duerch Polen. De Fransous Mickael Delage (Groupama-FDJ) ass nämlech an der Descente vum 3. Bierg vum Dag no ronn 70 Kilometer gefall. Den Delage huet misse mam Helikopter an d’Spidol geflu ginn, war awer den Informatioune vu senger Ekipp no beim Transport dohi bei Bewosstsinn.

Generalklassement no der 3. Etapp

1 Carapaz Richard Team INEOS 13:02:36
2 Ulissi Diego UAE-Team Emirates 0:04
3 Małecki Kamil CCC Team ,,
4 Mezgec Luka Mitchelton-Scott 0:06
5 Molard Rudy Groupama - FDJ ,,
6 Gibbons Ryan NTT Pro Cycling 0:10
7 Costa Rui UAE-Team Emirates ,,
8 Majka Rafał BORA - hansgrohe ,,
9 Powless Neilson EF Pro Cycling ,,
10 Dunbar Eddie Team INEOS ,,
...
58 Gastauer Ben AG2R La Mondiale 1:39
...
135 Kirsch Alex Trek - Segafredo 34:11

RTL NEWS: Tour duerch Polen: Victoire fir Alex Kirsch-Coequipier Mads Pedersen, Jakobsen net méi am Koma
RTL NEWS: Tour de l’Ain - 1. Etapp: Lëtzebuerger Ivan Centrone kroopt sech de Biergtrikot

Back to Top
CIM LOGO