Nom Roudag stoung e Mëttwoch am Giro d’Italia eng weider Biergetapp um Programm. Op der 17. Etapp ass et iwwer 193 Kilometer vu Canazei op Sega di Ala gaangen. Um Enn huet sech den Dan Martin en solitaire d’Victoire geséchert. Den Ir huet sech zum richtegen Ament ofgesat an hat op der Arrivée e Virsprong vun 13 Sekonnen op de Joao Almeida. Als Drëtten ass de Simon Yates op 30 Sekonnen ukomm.
Kee gudden Dag hat de Mann am Maillot Rose Egan Bernal erwëscht. De Kolumbianer konnt an der Schlussmontée den Tempo vum Yates op de leschten dräi Kilometer net méi matgoen an huet ronn 50 Sekonne verluer. De Bernal ass als 7. op eng Minutt an 23 Sekonnen ukomm.
De Bernal bleift awer Leader am General, dat mat enger Avance vun zwou Minutten an 21 Sekonnen op den Italiener Damiano Caruso. Neien Drëtten ass den Dan Martin mat engem Retard vun dräi Minutten an 23 Sekonnen.
De Remco Evenepoel war iwwerdeems 27 Kilometer virun der Arrivée mat enger Rei anere Coureuren an enger Descente an eng Chute verwéckelt. De Belsch huet misse behandelt ginn an ass dunn nees weidergefuer.
E Mëttwoch den Owend koum d’Nouvelle vun der Ekipp Deceuninck-QuickStep, datt den Evenepoel den Giro verléisst.
1 MARTIN Dan Israel Start-Up Nation 4:54:38
2 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 0:13
3 YATES Simon Team BikeExchange 0:30
4 ULISSI Diego UAE-Team Emirates 1:20
5 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious ,,
6 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 1:23
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
8 PEDRERO Antonio Movistar Team 1:38
9 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 1:43
10 BENNETT George Team Jumbo-Visma 2:21
1 1 - BERNAL Egan INEOS Grenadiers 71:32:05
2 2 - CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:21
3 5 ▲2 YATES Simon Team BikeExchange 3:23
4 4 - VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 6:03
5 3 ▼2 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 6:09
6 7 ▲1 BARDET Romain Team DSM 6:31
7 8 ▲1 MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 7:17
8 10 ▲2 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 8:45
9 9 - FOSS Tobias Team Jumbo-Visma 9:18
10 6 ▼4 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 11:06