E Méindeg stoung am Giro d’Italia déi 16. Etapp um Programm. Iwwer 153 schwéier Kilometer ass et vu Sacile op Cortina d’Ampezzo gaangen. Den Egan Bernal huet seng Ambitiounen, fir sech d’Schlussvictoire ze sécheren, hei op en Neits ënner Beweis gestallt. De Kolumbianer ass um Daach vum Giro eng souverän Victoire erausgefuer an hat op der Arrivée e Virsprong vu 27 Sekonnen op de Romain Bardet an den Damiano Caruso.
Déi decisiv Attack hat de Bernal an der leschter Montée vum Dag um Passo Giau lancéiert, eng 18 Kilometer virum wäisse Stréch.
De Bernal huet domadder seng Avance am General weider ausgebaut. Hie läit elo zwou Minutten a 24 Sekonne virum neien Zweeten Damiano Caruso.
Wéinst dem schlechte Wieder war d’Etapp gekierzt ginn.
De Simon Yates ass e Méindeg net iwwert déi 13. Plaz erauskomm an huet zwou Minutten a 37 Sekonne verluer.
En Dënschdeg ass Roudag.
1 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:22:41
2 BARDET Romain Team DSM 0:27
3 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious ,,
4 CICCONE Giulio Trek - Segafredo 1:18
5 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 1:19
6 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 1:21
7 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 2:11
8 IZAGIRRE Gorka Astana - Premier Tech 2:31
9 FORMOLO Davide UAE-Team Emirates 2:33
10 FOSS Tobias Team Jumbo-Visma ,,
1 1 - BERNAL Egan INEOS Grenadiers 66:36:04
2 3 ▲1 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 2:24
3 5 ▲2 CARTHY Hugh EF Education - Nippo 3:40
4 4 - VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 4:18
5 2 ▼3 YATES Simon Team BikeExchange 4:20
6 6 - CICCONE Giulio Trek - Segafredo 4:31
7 9 ▲2 BARDET Romain Team DSM 5:02
8 8 - MARTÍNEZ Daniel Felipe INEOS Grenadiers 7:17
9 10 ▲1 FOSS Tobias Team Jumbo-Visma 8:20
10 13 ▲3 ALMEIDA João Deceuninck - Quick Step 10:01