Nodeems den Egan Bernal 2019 den Tour de France gewonnenen huet, ka sech de 24 Joer ale Cyclist fir eng éischte Kéier an de Palmarès vum d’Giro d’Italia androen.
Op der leschter Etapp, engem Contre-la-montre ass dem Ineos Fuerer eng 24. Plaz duergaangen, fir säi Virsprong op den Damiano Caruso ze verdeedegen. Am Schlussklassement klasséiert sech de Simon Yates als Drëtten.
D’Punkteklassement ass fir de Peter Sagan, iwwerdeems de bloe Maillot fir de beschte Biergfuerer de Fransous Geoffrey Bouchard gewonnen huet.
Iwwer 30.3 Kilometer vu Senago op Mailand war de Filippo Ganna e Sonndeg op der leschter Etapp dee Séiersten. Op d’Plaz 2. kënnt de Rémi Cavagna mat engem Retard vun 12 Sekonnen. Den Italiener Edoardo Affini ass mat 13 Sekonne Réckstand 3. ginn.
1 Filippo Ganna (Ita) INEOS Grenadiers 0:33:48,60
2 Rémi Cavagna (Fra) Deceuninck - Quick-Step 0:00:12,12
3 Edoardo Affini (Ita) Jumbo - Visma 0:00:12,61
4 Matteo Sobrero (Ita) Astana - Premier Tech 0:00:13,86
5 João Almeida (Por) Deceuninck - Quick-Step 0:00:26,91
6 Maximilian Walscheid (GER) Team Qhubeka ASSOS 0:00:33,18
7 Alberto Bettiol (Ita) EF Education - Nippo 0:00:34,04
8 Jan Tratnik (Slo) Bahrain Victorious 0:00:42,23
9 Gianni Moscon (Ita) INEOS Grenadiers 0:00:44,36
10 Iljo Keisse (Bel) Deceuninck - Quick-Step 0:00:47,22
1 Egan Arley Bernal Gomez (Col) INEOS Grenadiers 86:17:28
2 Damiano Caruso (Ita) Bahrain Victorious 0:01:29
3 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:04:15
4 Aleksandr Vlasov (Rus) Astana - Premier Tech 0:06:40
5 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) INEOS Grenadiers 0:07:24
6 João Almeida (Por) Deceuninck - Quick-Step 0:07:24
7 Romain Bardet (Fra) Team DSM 0:08:05
8 Hugh Carthy (GBr) EF Education - Nippo 0:08:56
9 Tobias Svendsen Foss (Nor) Jumbo - Visma 0:11:44
10 Daniel Martin (Irl) Israel Start-Up Nation 0:18:35