
Aus Lëtzebuerger Sicht stoung de Comeback vum Jempy Drucker am Mëttelpunkt. No senger schwéierer Chute bei Dwars door Vlaanderen am Abrëll war et fir de Coureur vu Bora Hansgrove déi éischte Course, déi de jonke Lëtzebuerger an Ugrëff geholl hat. Viru 4 Joer war him zu London och seng éischte Victoire bei de Profie gelongen. Nieft dem Jempy Drucker waren och de Ben Gastauer an den Alex Kirsch mat um Depart.
Um Enn konnt sech den Elia Viviani am Sprint zu London duerchsetzen. De Coureur vun Deceuninck-Quick Step konnt sech virum Sam Bennett placéieren. Drëtte gouf de Michael Morkov.
Vun de Lëtzebuerger war de Ben Gastauer um Enn dee Séiersten. Hie koum als 61. iwwert d’Arrivée mat engem Retard vun 42 Sekonnen. Den Alex Kirsch gouf den 112. op 3 Minutten an 2 Sekonnen an de Jempy Drucker koum mat engem Retard vu 4 Minutten an 13 Sekonnen als 121 un.
1 Elia Viviani (Deceuninck-Quick Step) 3:46:16
2 Sam Bennett (Bora-Hansgrohe) 0:00:00
3 Michael Mørkøv (Deceuninck-Quick Step) 0:00:00
4 Jasper Stuyven (Trek-Segafredo) 0:00:00
5 Amund Grøndahl Jansen (Jumbo-Visma) 0:00:00
6 Giacomo Nizzolo (Dimension Data) 0:00:00
7 Alexander Kristoff (UAE Emirates) 0:00:00
8 Oliver Naesen (AG2R La Mondiale) 0:00:00
9 Jasper De Buyst (Lotto Soudal) 0:00:00
10 Ethan Hayter (Nationalmannschaft Großbritannien) 0:00:00