
Wéi schonn déi leschte Woch bei der Weltmeeschterschaft hunn d'Demi Vollering (Holland), d'Marlen Reusser (Schwäiz), d'Kasia Niewiadoma (Polen) an d'Elisa Longo Borghini (Italien) zu de Favoritten op den EM-Titel gegollt. Fir Lëtzebuerg ware d'Marie Schreiber an d'Nina Berton um Depart.
Keng vun deene genannten hat et awer an d'Echappée vum Dag gepackt, déi sech laang Zäit virum Peloton hale konnt. Et war den Duo Margot Vanpachtenbeke (Belsch) an Carina Schrempf (Éisträich) déi sech ofgesat haten. D'Ekippen aus Holland, Frankräich a Polen wollten déi zwou Cyclistinnen awer net dovu komme loossen, an hunn hiren Ecart net ze grouss gi gelooss. 38 Kilometer virun der Arrivée si si dunn agefaange ginn. Well den Tempo am Peloton awer weider héichgehale gouf, hu vill Sportlerinne misste lassloossen.

Den Zesummeschloss vu ronn 20 Sportlerinnen un der Spëtzt huet op den nächste Kilometer ëmmer nees dozou gefouert, datt sech Cyclistinne wollten ofsetzen, fir d'EM duerch eng Echappée ze gewannen. 14 Kilometer vir Schluss huet dëst och déi nei Weltmeeschterin an Titelverdeedegerin Demi Vollering gemaach. Um géiste Stéck vun der Schläif, déi zum Schluss vum Parcours zwee Mol gefuer gouf, huet si attackéiert an d'Konkurrenz ofgehaangen. Deene gouf och séier kloer, datt d'Vollering net méi anzehuelen wier an esou koum et, datt sech fënnef Sportlerinnen ëm Sëlwer a Bronze gestridden hunn.
D'Demi Vollering gewënnt no der WM zu Montreal och d'Stroossecourse bei der EM zu Ljubliana, dat no 3 Stonnen, 10 Minutten an 33 Sekonnen. Op d'Plaz 2 kënnt hir Landsfra Puck Pieterse, dat knapp virun der Schwäizerin Marlen Reusser. Béid gi mat 5 Sekonne Retard op d'Gewënnerin gewäert.
D'Nina Berton koum mat engem Retard vun 3 Minutten an 41 Sekonnen iwwer d'Arrivée a gëtt domadder als 25. gewäert. D'Marie Schreiber koum mat engem gréissere Grupp un, déi all iwwer 8 Minutten opgeschriwwe kruten. Si gouf déi 44..
Mat 10 Sekonne Virsprong ass den Elias Dybing zu Ljubliana iwwer d'Arrivée gefuer, dat virum Spuenier Aitor Martinez Groset an dem Hollänner Jop Van Den Biggelaar. Mat engem Retard vun 2 Minutten an 21 Sekonne kënnt de Lilian Boulanger als beschte Lëtzebuerger an d'Zil. Mat engem Grupp, deen iwwer 16 Minutte Retard hat, ass den Thijs Wilhelm König als 92. gewäert ginn. Iwwer 20 Minutte ware et du fir den Dave Cichy, deen den 112. gëtt. Mat iwwer 40 Minutte gëtt den Maximilien Outlet gewäert.
Bei de Juniore war d'Course schonn e Freideg gefuer ginn. Hei konnt sech de Spuenier Hector Alvarez Martinez no 3 Stonnen, 2 Minutten an 22 Sekonnen duerchsetzen an hat domadder 20 Sekonnen Avance op de Jan Michal Jackowiak aus Polen an 32 Sekonnen op de Belsch Niels Driesen. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Mil Morang, deen zwou Minutten an 8 Sekonne Retard hat an als 20. iwwer d'Arrivée gefuer ass. De Flavio Astolfi gouf mat bal siwe Minutte Réckstand de 57.. De Yannis Land an de Alex Kerrens sinn d'Course net op en Enn gefuer.