Cyclissem-WMElisa Balsamo gewënnt, Christine Majerus fiert op déi 33. Plaz

RTL Lëtzebuerg
D'Italienerin setzt sech virum Marianne Vos an dem Katarzyna Niewiadoma duerch.
© AFP

E Samschdeg de Mëtteg stoung op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem d’Course vun den Dammen-Elite um Programm. Iwwer 157,7 Kilometer ass et vun Antwerpen op Louvain gaangen.

Gewonne gouf d’Course am Sprint vum Elisa Balsamo aus Italien virun der Hollänerin Marianne Vos. Déi 3. Plaz ass fir Katarzyna Niewiadoma aus Polen op eng Sekonn.

D’Christine Majerus ass eng staark Course gefuer an huet eréischt eng 5 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen. Um Enn ass d’Lëtzebuerger Championne déi 33. op 50 Sekonne ginn.
D’Nina Berton klasséiert sech als 116. op 22 Minutten an enger Sekonn. Si hat am Ufank vun der Course attackéiert. Eng 70 Kilometer virun der Arrivée hat si misse lassloossen.

E Sonndeg gëtt da bei den Hären-Elite nach de Weltmeeschter op der Strooss gesicht. D’Course kënnt Dir vu 14 Auer u live op der Tëlee an op RTL.lu live suivéieren.

Cyclissem-WM: Elisa Balsamo nei Weltmeeschterin
D’Christine Majerus ass no enger staarker Leeschtung déi 33. op 50 Sekonne ginn.

D’Top 10

1 BALSAMO Elisa Italy 3:52:27
2 VOS Marianne Netherlands ,,
3 NIEWIADOMA Katarzyna Poland 0:01
4 VAS Kata Blanka Hungary ,,
5 SIERRA Arlenis Cuba ,,
6 JACKSON Alison Canada ,,
7 VOLLERING Demi Netherlands ,,
8 LUDWIG Cecilie Uttrup Denmark ,,
9 BRENNAUER Lisa Germany ,,
10 RIVERA Coryn United States ,,
...
33 Christine Majerus Luxembourg 0:50
116 BERTON Nina Luxembourg 22:01

Back to Top
CIM LOGO