
Dëst a Präsens vum fënneffachen Tour de France Gewënner Eddy Merckx.

Déi am ganzen 176 Profien vun deenen 22 Equippen sinn op hire Vëloen duerch d’Alstad vu Bréissel gefuer bis op d’Grande Place. Zu Éiere vum Eddy Merckx, dee viru 50 Joer eng éischte Kéier den Tour gewonnen hat, geet de Peloton dëst Joer an der Belsch un den Depart.

Start an Arrivée vun den zwou éischten Etappen e Samschdeg an e Sonndeg sinn zu Bréissel, éier den Tour dann e Méindeg Direktioun Frankräich fiert. Den Tour de France geet den 28. Juli op de Champs Elysée op en Enn. Déi eenzel Etappen ginn op RTL Tëlee Lëtzebuerg an op rtl.lu iwwerdroen.
