
Et war déi 17. Editioun vum Tour of Hellas. Op der leschter Etapp vu Kalabaka op Ioannina iwwer 154,5 km konnt sech um Schluss den Dän Emil Toudal am Sprint virum Amerikaner Joey Rosskopf an dem Hakon Aalrust aus Norwegen duerchsetzen.
De Luc Wirtgen klasséiert sech op der leschter Etapp als 33. mat engem Retard vun 1 Minutt an 51 Sekonnen.
Am Schlussklassement lant de Lëtzebuerger op der 4. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten op de Gewënner vum Tour, dem Australier Aaron Gate. Virum Wirtgen klasséiere sech nach de Belsch Lennert Teugels an de Mark Stewart aus England.
1 TOUDAL Emil 4:35:24
2 ROSSKOPF Joey ,,
3 AALRUST Håkon ,,
4 TAGLIANI Filippo ,,
5 BARONCINI Filippo ,,
6 GONZÁLEZ David ,,
7 MERTZ Rémy ,,
8 HUBY Antoine ,,
9 BARRENETXEA Jon ,,
10 SCHANDORFF IWERSEN Emil ,,
...
33 WIRTGEN Luc 1:51
1 GATE Aaron 21:13:33
2 TEUGELS Lennert 1:52
3 STEWART Mark 1:56
4 WIRTGEN Luc 2:00
5 MARCHAND Gianni 2:02