Vuelta: 4. EtappFabio Jakobsen gewënnt am Sprint

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Kevin Geniets an Alex Kirsch sinn als 160. respektiv 171. iwwert d'Arrivée gefuer.
© AFP

Um 4. Dag vun der Vuelta ass et iwwer flaach 163,9 Kilometer vun El Burgo de Osma op Molina de Aragon gaangen. D’Echappée vum Dag gouf ronn 13 Kilometer virun der Arrivée agefaangen an domadder koumt et zu engem Sprint. Hei hat den Hollänner Fabio Jakobsen déi séierste Been. De Fransous Arnaud Demare ass als 2. iwwert d’Arrivée gefuer. 3. gouf den Dän Magnus Cort.

De Leader vum General Rein Taaramäe ass 2 Kilometer virun der Arrivée gefall, huet allerdéngs keng Zäit verluer. Hie bleift domadder un der Spëtzt vum General, dat mat 25 Sekonnen Avance op de Kenny Elissonde. De Primoz Roglic ass weiderhin den 3. mat engem Retard vun 30 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Kevin Geniets ass an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner den 160. ginn, den Alex Kirsch gouf 171. mat engem Retard vu 2 Minutten an 8 Sekonnen. Am General ass de Geniets 113. mat 13 Minutten a 37 Sekonne Retard an de Kirsch 144. op 16 Minutten an 53 Sekonnen.

D’Top10

1 JAKOBSEN Fabio Deceuninck - Quick Step 3:43:07
2 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ ,,
3 CORT Magnus EF Education - Nippo ,,
4 DAINESE Alberto Team DSM ,,
5 MATTHEWS Michael Team BikeExchange ,,
6 ALLEGAERT Piet Cofidis, Solutions Crédits ,,
7 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe ,,
8 TRENTIN Matteo UAE-Team Emirates ,,
9 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix ,,
10 MINALI Riccardo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
...
160 GENIETS Kévin Groupama - FDJ ,,
171 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 2:08

De General

1 TAARAMÄE Rein Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 13:08:51
2 ELISSONDE Kenny Trek - Segafredo 0:25
3 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 0:30
4 CALMEJANE Lilian AG2R Citroën Team 0:35
5 MAS Enric Movistar Team 0:45
6 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:51
7 VALVERDE Alejandro Movistar Team 0:57
8 CICCONE Giulio Trek - Segafredo ,,
9 BERNAL Egan INEOS Grenadiers ,,
10 LANDA Mikel Bahrain - Victorious 1:09
...
113 GENIETS Kévin Groupama - FDJ 13:37
144 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 16:53

Back to Top
CIM LOGO