Kuurne-Brussel-KuurneFabio Jakobsen wënnt am Massesprint

RTL Lëtzebuerg
De Spëtzegrupp konnt kuerz virun der Arrivée agefaange ginn, wou sech dann den Hollänner virum Caleb Ewan an dem Hugo Hofstetter behaapt huet.
© AFP

Op der 74. Editioun vun der Course Kuurne-Brussel-Kuurne konnt sech de Fabio Jakobsen no 195.1 Kilometer d’Victoire sécheren. Nodeems de Spëtzegrupp Narvaez, Laporte, a van der Hoorn e puer honnert Meter viru Schluss agefaange gouf, ass et op der Arrivée zu engem Massesprint komm. Do hat um Enn de Fabio Jakobsen déi meescht Kraaft an de Been a behaapt sech sou virum Caleb Ewan an dem Hugo Hofstetter.

Den Alex Kirsch ass zesumme mam Peloton als 44. op d’Arrivée komm. Den Tom Wirtgen konnt d’Course net op en Enn fueren.

Fabio Jakobsen wënnt Kuurne-Brussel-Kuurne
De Spëtzegrupp konnt kuerz virun der Arrivée agefaange ginn, wou sech dann den Hollänner virum Caleb Ewan an dem Hugo Hofstetter behaapt huet.

D’Top 10

1 JAKOBSEN Fabio Quick-Step Alpha Vinyl Team -
2 EWAN Caleb Lotto Soudal -
3 HOFSTETTER Hugo Team Arkéa Samsic -
4 MCLAY Daniel Team Arkéa Samsic -
5 NIZZOLO Giacomo Israel - Premier Tech -
6 VAN GESTEL Dries TotalEnergies -
7 CAPIOT Amaury Team Arkéa Samsic -
8 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma -
9 TRENTIN Matteo UAE Team Emirates -
10 VAN DER HOORN Taco Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux -

Back to Top
CIM LOGO