Vuelta ciclista a España: 4. EtappFabio Jakobsen wënnt am Photo-Finish virum Sam Bennett

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg goung et op der 4. Etapp vun der Vuelta iwwer 175,5 Kilometer vu Cullera op El Puig.
© AFP (Archiv)

Wéi erwaart koum et um Enn zu engem Massesprint, wou de Fabio Jakobsen um Enn ganz knapp virum Sam Bennett gewanne konnt. Am General bleift den Nicolas Roche am Leadertrikot.

Den Alex Kirsch koum als 110. mat engem Retard vu 54 Sekonnen ukomm, de Jempy Drucker gëtt den 121. op 2 Minutten a 50 Sekonnen.

Resumé

De Jelle Wallays (Lotto Soudal) an de Jorge Cubero Galvez (Burgos BH) hu wäit Strecke vun dëser 4. Etapp un der Spëtzt verbruecht. Déi zwee Coureure konnte sech eng maximal Avance vu 7 Minutten erausfueren.

Wärend der Etapp koum et och zu enger Chute, wou den Aritz Bagues (Euskadi-Murias) an de Rafal Majka (Bora-hansgrohe) gefall waren. Allebéid konnten awer weiderfueren, aneschters war et awer beim Steven Kruijswijk de Fall. Den Drëtten aus dem Tour de France ass net méi mat dobäi, well den Hollänner mat Knéiproblemer ze kämpfen hat.

Am Peloton hunn d’Sprinterekippe fir den Tempo gesuergt an esou ass d’Avance vum Spëtzenduo op eemol séier erofgaangen an esou hate si knapp 55 Kilometer virun der Arrivée nëmmen nach ee Virsprong vun annerhallwer Minutt. Wéi et du biergop gaangen ass, konnte si hir Avance zwar nees liicht ausbauen, mä et sollt nawell net duergoe fir de Wallays an de Cubero Galvez. Fir d’éischt ass de Cubero Galvez ageholl ginn, deen den Tempo vum Wallays net méi matgoe konnt an 18 Kilometer virun der Arrivée war dunn och Schluss fir de Wallays.

Et koum also zum Massesprint, wou de Fabio Jakobsen de Séierste war a sech esou d’Victoire séchere konnt.

Top10 vun der 4. Etapp

1 Jakobsen Fabio Deceuninck - Quick Step
2 Bennett Sam BORA - hansgrohe
3 Walscheid Max Team Sunweb ,,
4 Gaviria Fernando UAE-Team Emirates
5 Mezgec Luka Mitchelton-Scott
6 Sarreau Marc Groupama - FDJ
7 Sajnok Szymon CCC Team
8 Boasson Hagen Edvald Team Dimension Data
9 Aberasturi Jon Caja Rural - Seguros RGA
10 Molano Juan Sebastián UAE-Team Emirates

Generalklassement

1. ROCHE Nicolas 5h 26' 12'’
2. QUINTANA Nairo + 00' 02'’
3. URAN Rigoberto + 00' 08'’
4. NIEVE ITURRALDE Mikel + 00' 22'’
5. LOPEZ MORENO Miguel Angel + 00' 33'’
6. ROGLIC Primož + 00' 36'’
7. KELDERMAN Wilco + 00' 38'’
8. HIGUITA GARCIA Sergio Andres + 00' 40'’
9. FORMOLO Davide + 00' 46'’
10. MAJKA Rafal + 00' 46'’

Back to Top
CIM LOGO