Damme-CyclissemFestival Elsy Jacobs fir 2021 an den UCI Pro Series

RTL Lëtzebuerg
D'Organisateure vum Festival Elsy Jacobs hunn e Mëttwoch matgedeelt, datt d'Course 2021 iwwer 2 Etappe gefuer gëtt.
© pressphoto (Archiv)

Déi zwou Etappe vum Festival Elsy Jacobs si fir den 30. Abrëll an den 2. Mee geplangt. Wou genee, dat steet nach net fest. Vun den 9 Damme-World-Tour-Ekippen hunn der bis elo scho 7 hir Participatioun confirméiert. Och d’Gewënnerin vun 2019, déi däitsch Lisa Brennauer ass nees mat dobäi.

2020 war d’Course wéinst der Covid-Situatioun net gefuer ginn. 2017 hat d’Christine Majerus de Festival Elsy Jacobs gewonnen. D’Lëtzebuerger Championne geet 2021 mat der Ekipp Team SD Worx un den Depart.

PDF: De Communiqué

Back to Top
CIM LOGO