Amstel Gold RaceFir de Lëtzebuerger Champion ass d'Amstel eng Decouverte

Tom Flammang
E Sonndeg gëtt am Vëlossport den nächste Klassiker gefuer. D'Amstel Gold Race steet fir déi 56. Kéier um Programm.
Fir de Lëtzebuerger Champion ass d'Amstel eng Decouverte
E Sonndeg gëtt am Vëlossport den nächste Klassiker gefuer. D’Amstel Gold Race steet fir déi 56. Kéier um Programm.

2006 war et zu Valkenburg an Holland jo déi éischte ganz grouss Victoire fir de Frank Schleck ginn. Fir e sou ee Succès ass et fir de Kevin Geniets am Moment vläicht nach e bëssen ze fréi. Den nationale Champion wéist awer, datt een op sou Courssen ëmmer méi mat him rechne kann.

An dat huet de Kevin Geniets och de leschte Weekend beim Tour des Flandres nach emol bewisen. Mat senger offensiver Aart a Wéis, Course ze fueren, ass op engem gudden Dag an nächster Zukunft eng Top-10-Plazéierung sécher net utopesch.

D’Amstel Gold Race geet e Sonndeg iwwer eng Distanz vun 254 Kilometer. Groupama - FDJ ass mat Madous, Kung a Geniets bestëmmt eng vun de stäerksten Ekippen um Depart a misst an der Finall ze gesi sinn.

Fir de Lëtzebuerger Champion ass d’Amstel eng Decouverte. Nodeems een de Parcours e Freideg zum Deel ofgefuer ass, gëtt e Samschdeg den Owend am Briefing déi genee Taktik festgeluecht.

Wéi de Kevin Geniets als eenzege Lëtzebuerger an der Course sech e Sonndeg op de Stroossen am hollännesche Limburg schléit, gesitt Dir live vu 14.30 Auer u bei de Kolleege vun der Tëlee oder am Livestream op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO