Schreckmoment op 11. Tour-EtappFlitzer leeft wärend Zilsprint op d'Streck

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet e Flitzer op der Arrivée vun der 11. Etapp vum Tour de France fir e Schreckmoment gesuergt.
© MARCO BERTORELLO / AFP

E Flitzer mat engem politesche Message op sengem T-Shirt huet e Mëttwoch beim Zilsprint op der 11. Etapp vum Tour de France fir eng geféierlech Situatioun gesuergt. Wéi den Norweger Jonas Abrahamsen an de Schwäizer Mauro Schmid op de leschte Meter zu Toulouse mat héijer Vitess ëm d’Victoire gesprint sinn, ass e Mann op d’Strooss, an de Coureuren hannendru gelaf.

Flitzer leeft wärend Tour-Zilsprint op d'Streck
E Mëttwoch huet e Flitzer op de Arrivée vun der 11. Etapp vum Tour de France fir e Schreckmoment gesuergt.

De Mann, deen um T-Shirt “Israel raus aus der Tour” stoen hat, konnt awer séier vun engem Offiziellen op d’Säit gedréckt ginn. Kuerz drop war hien net méi ze gesinn. D’Prefektur huet d’Festnam confirméiert.

Auswierkungen op de Sprint hat de Virfall mam Flitzer net, den Abrahamsen an de Schmid ware scho passéiert. Wéi d’Verfolger an d’Zil komm sinn, war de Mann well gestallt ginn.

Extinction Rebellion Toulouse huet duerno matgedeelt, eng “Schockaktioun fir Palästina” duerchgefouert ze hunn. An enger Erklärung hu si den Ausschloss vun der Ekipp Israel-Premier Tech gefuerdert. Un der Spëtzt vun der Ekipp steet den israeelesch-kanadesche Milliardär Sylvan Adams.

Back to Top
CIM LOGO