
Hie wollt zesumme mam Schwäizer Konny Looser, ënnert déi 10 éischt fueren. Wann alles optimal gelaf wier, wier eventuell esouguer eng Podiumsplaz erausgesprongen. Et koum awer alles anescht wéi geplangt.
D’Course war fir de Lëtzebuerger nämlech schonns eriwwer, ier se esou richteg ugefaangen huet. Nom Prolog e Sonndeg gouf dem Sören Nissen säi Partner Konny Looser nämlech virun der éischter Etapp positiv op Corona getest. An domadder war d’Course gelaf. Fir de Sören Nissen an seng ganz Ekipp en riseg Enttäuschung. Mir hunn hei 6 Leit fir d’Betreiung, Massage a.s.w. Ech weess guer net, wat ech soll soen? Am Moment sinn ech am Gaang ze iwwerleeën, wéi ech de Sponsoren an deene Leit, déi mech ënnerstëtzt hunn, dat soll erklären.
De Sören Nissen selwer gouf net positiv getest. Un ee Weiderfuere war awer trotzdeem net ze denken. De Konny war jo mat mir déi ganzen Zäit am Zëmmer. Do kann ech net de Risiko agoen, fir mat engem anere weiderzefueren. Dat wäre net fair vis-à-vis vu menge Konkurrenten. Theoretesch hätt ech kéinte starten, mä dat wier net fair. D’Chance ass natierlech grouss, datt ech och eppes hätt.
De Sören Nissen war an de leschte Méint komplett op d’Cape Epic fokusséiert. Mega vill zanter dem leschte Joer trainéiert. Alles mat deem engem d’Zil, fir hei gutt ze fueren. Déi vill Méint Preparatioun wäert ech awer elo net ewechschmäissen. Déi Kraaft an Energie, déi ech elo eragestach hunn, well ech elo an d’Courssen am Fréijoer investéieren.
An dräi Woche geet de Sören Nissen un den Depart vun der Vuelta Ibiza. Hien hofft do vu senger gudder Form, déi hie fir d’Cape Eic opgebaut hat, kennen ze profitéieren.