Exklusiv-Strecke fir d'VëlosfuererFSCL-President appreciéiert Initiativ vu Regierung

RTL Lëtzebuerg
E Freideg haten de Mobilitéitsminister an den Tourismusminister 16 Strecke presentéiert, déi temporär solle fir den Autosverkéier gespaart ginn.
© pressphoto (Archiv)

Vill Leit hu wärend dem Confinement de Vëlo och nees fir sech entdeckt. Et huet ee wuel nach ni esou vill Vëlosfuerer op der Strooss begéint, wéi dat den Ament de Fall ass. An e Freideg koum elo d’Annonce, dass am Summer verschidde Stroossen exklusiv fir d’Vëlosfuerer sollen op a bis op e puer Ausname fir de Recht vum Verkéier gespaart sinn.

Strecke fir Vëlosfuerer / Reportage Rich Simon

Dat hunn de Mobilitéitsminister François Bausch an den Tourismusminister Lex Delles e Freideg gesot. Am Ganze wieren dat 16 Strecken déi queesch uechtert d’Land sinn. Fir dat ze realiséieren, missten awer och déi zoustänneg Gemenge gréng Luucht ginn. Fir de President vun der Vëlosfederatioun ass dat eng gutt Iddi. De President vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun, Camille Dahm, gëtt awer och ze bedenken, dass een op puer Saache muss oppassen.

De Gedanken, fir eng Partie Stroossen zouzemaache just fir de Cycliste, soll keng eemoleg Iddi sinn. Hei gëtt vun August geschwat. An da muss och opgepasst ginn, dass dat net op all Streck geschitt, wou bekannt ass, dass et eng Rennstreck ass. Ech denken do un de Mamerdall. Dat kéint eng falsch Sécherheet signaliséieren.

Déi 16 Strecken, déi elo rausgesicht goufen, kéinten eng ganz Partie Lücken am Reseau vun de Vëlosweeër iwwerbrécken. De Camille Dahm seet, dass ee praktesch ronderëm d’Land op Piste Cyclable kéint fueren, et géifen awer och verschidde Vëlosweeër ginn, wou et zu Ënnerbriechungen géif kommen.

Zum Beispill am Osten op der Charliesstreck op der Héicht vu Jonglënster. Oder déi extra schéi Streck: Fiels, Supp, Buerglënster. Do ass dann ee brutale Stopp an da muss de Cycliste vun egal wéi engem Niveau, ee 15 prozentege Gëftzwerg erop op Jonglënster fueren. Dat kann ee kengem zoumudden.

De Camille Dahm sot och nach, dass nach ëmmer vill Vëlosfuerer vun egal wéi engem Niveau Vëlosweeër dacks net géife benotzen. Hei wier nach vill Loft no uewen.

Back to Top
CIM LOGO