
D’Lëtzebuerger Coureure si beim Etoile de Bessèges engagéiert. Wéinst den ugekënnegte Protester vun de Bauere ronderëm Bellegarde am Departement du Gard a Frankräich gouf déi éischt Etapp awer net gefuer. D’Organisateure ginn dovunner aus, datt d’Situatioun sech déi nächsten Deeg entspaant. D’Course dauert bis e Sonndeg.
De Kevin Geniets hat e Sonndeg mat senger Victoire scho gewisen, datt hien a ganz gudder Form ass, hien ass den 3. Lëtzebuerger, deen am Etoile de Bessèges dobäi ass.