Vuelta ciclista a España: 12. EtappGilbert wënnt en solitaire, Roglic weider Leader

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goung et op der 12. Etapp vun der Vuelta iwwer 170 Kilometer vun Navarra op Bilbao.
© AFP

Déi 12. Etapp an der Vuelta huet de Philippe Gilbert fir sech entscheet. De Belsch war an der Echappée vum Dag an hat am leschte Bierg eng 10 Kilometer virun der Arrivée attackéiert, fir um Enn mat engem Virsprong vun 3 Sekonnen op déi zwee Spuenier Alex Aranburu a Fernando Barcelo gewonnen.

D’Favoritten op d’Schlussvictoire sinn am Peloton mat engem Réckstand vu ronn 3 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer.

Un der Spëtzt vum General bleift weiderhin de Primoz Roglic. Hien huet e Virsprong vun 1 Minutt an 52 Sekonnen op den Alejandro Valverde.

Den Alex Kirsch ass en Donneschdeg als 72. op iwwer 14 Minutten iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Jempy Drucker huet sech als 87. op iwwer 15 Minutte klasséiert. Am General ass den Drucker den 121. an de Kirsch den 124.. Déi zwee Lëtzebuerger hunn e Retard vu knapp 2 Stonnen.

Resumé

Op der 12. an der Vuelta huet et laang gedauert bis e Spëtzegrupp sech konnt ofsetzen. Bis 65 Kilometer virun der Arrivée gouf et ëmmer nees Attacken an et war vill Onrou am Pelton, eréischt dunn ass et 19 Coureure gegléckt, fir sech e Virsprong erauszefueren. Mat dobäi waren hei: José Joaquin Rojas (Movistar Team), Manuele Boaro (Astana Pro Team), Heinrich Haussler (Bahrain-Merida), Felix Grosschartner (Bora-Hansgrohe), Fran Ventoso (CCC Team), Philippe Gilbert, Tim Declercq (Deceuninck-Quick Step), Tosh Van der Sande (Lotto Soudal), Tsgabu Grmay (Mitchelton-Scott), Willie Smit (Katusha Alpecin), Nikias Arndt (Team Sunweb), John Degenkolb, Jacopo Mosca (Trek-Segafredo), Valerio Conti, Marco Marcato (UAE Team Emirates), Alex Aranburu, Jonathan Lastra (Caja Rural-Seguros RGA), Fernando Barcelo a Cyril Barthe (Euskadi-Murias).

De Peloton mat de Favoritten huet dësem Grupp gréng Luucht ginn an esou sinn déi 19 Mann sech séier eng Avance vun iwwer 3 Minutten erausgefuer.

Mat engem Virsprong vu 5 Minutten a 44 Sekonnen huet de Spëtzegrupp déi lescht 40 Kilometer an Ugrëff geholl. Hei hunn nach 3 Bierger vun der 3. Kategorie op d’Coureure gewaart. Ëmmer nees gouf et Attacken aus dem Spëtzegrupp eraus an dësen ass dann och lues a lues méi kleng ginn. An der leschter Schwieregkeet vum Dag huet de Philippe Gilbert attackéiert, ass als éischten iwwert de Bierg gefuer an huet e Virsprong vun 22 Sekonne mat op déi lescht 8 Kilometer geholl.

De Belsch huet sech bis zum Schluss net méi afänke gelooss, sou datt d’Victoire op der 12. Etapp fir hie war. Op d’Plazen zwee an dräi sinn déi zwee Spuenier Alex Aranburu a Fernando Barcelo gefuer. Si haten e Réckstand vun 3 Sekonnen.

Un der Spëtzt vum General gouf et keng Verännerungen. D’Favoritte si mat engem Réckstand vun 3 Minutten an 2 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. Leader bleift weiderhin de Primoz Roglic. Hien huet e Virsprong vun 1 Minutt an 52 Sekonnen op den Alejandro Valverde.

Den Alex Kirsch ass en Donneschdeg als 72. op iwwer 14 Minutten iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Jempy Drucker huet sech als 87. op iwwer 15 Minutte klasséiert. Am General ass den Drucker den 121. an de Kirsch den 124.. Déi zwee Lëtzebuerger hunn e Retard vu knapp 2 Stonnen.

Top10 vun der 12. Etapp

Generalklassement

1 P. ROGLIC 131 44h 52' 08'’
2 A. VALVERDE 1 + 01' 52'’
3 M. LOPEZ MORENO 21 + 02' 11'’
4 N. QUINTANA 7 + 03' 00'’
5 T. POGACAR 177 + 03' 05'’
6 C. HAGEN 93 + 04' 59'’
7 R. MAJKA 41 + 05' 42'’
8 N. EDET 203 + 05' 49'’
9 D. TEUNS 38 + 06' 07'’
10 W. KELDERMAN 151 + 06' 25'

Back to Top
CIM LOGO