
Donieft iwwerhëlt awer elo och een anere Lëtzebuerger eng Manager-Funktioun.
Bis elo war de geléierte Maschinnebauingenieur Glen Leven als Mecanicien bei Trek-Segafredo ënner Kontrakt. Elo ass hie gefrot ginn, fir Team Support Manager ze ginn. Dat war ee Posten, dee bis elo ëmmer an amerikanescher Hand war. Dofir koum d’Demande vun der Ekipp relativ iwwerraschend fir de Glen Leven.
“Bei den Ardennen-Klassiker ass eisen General Manager, de Luca Guercilena, bei mech komm an huet mech op déi Plaz ugeschwat a mech gefrot, ob ech mir kéint virstellen, dat ze maachen. Du huet dat Ganzt säi Laf geholl mat Interviewen a sou weider, an Trek huet dunn entscheet.”
Als Team Support Manager vun Trek ass de Glen Leven nach ëmmer no un de Coureuren an och un der ganzer Ekipp drun.
“Ech gi Responsabele vun der Kommunikatioun tëscht Trek an der Ekipp. An och tëscht all deenen anere Sponsore vun der Ekipp, wat d’Material ugeet. Niewelaanscht sinn ech och nach Responsabele vun de Programme vun de Mecanicienen, der Logistik, den Autoen an de Camionen an och de Vëloen, fir datt déi ëmmer zu der richteger Zäit op der richteger Plaz sinn.”
De Glen Leven wäert och an Zukunft nach op de Coursë sinn. Allerdéngs net méi als Mecanicien am Auto, mee ënner anerem fir ze kucken, wéi de Feedback vun de Coureuren ass, wat d’Material ugeet.