Olympesch Spiller - ZäitfuerenGold bei de Männer fir Roglic, Dumoulin an Dennis mat um Podium

RTL Lëtzebuerg
En Mëttwoch de Moie stoung nom Zäitfuere vun den Dammen och dat vun den Hären un.
© RTL

Hei konnt sech de Slowen Primoz Roglic d’Victoire sécheren, deen am Virfeld och als ee vun den Toppfavoritten gegollt huet.

An enger Zäit vun 55 Minutten, 4 Sekonnen an 19 Honnertstel ass hien iwwer d’Arrivée gefuer a war domat méi wéi eng Minutt méi séier wéi den Hollänner Tom Dumoulin (56:05,58), deen d’Sëlwermedail konnt gewannen. Den Australier Rohan Dennis (56:08,09) huet de Podium komplettéiert.

© AFP

D’Top 10 vum Klassement

1 ROGLIC Primoz Slovenia 0:55:04
2 DUMOULIN Tom Netherlands +1:01
3 DENNIS Rohan Australia +1:04
4 KÜNG Stefan Switzerland ,,
5 GANNA Filippo Italia +1:06
6 VAN AERT Wout Belgium +1:41
7 ASGREEN Kasper Denmark +1:48
8 URÁN Rigoberto Colombia +2:15
9 EVENEPOEL Remco Belgium +2:17
10 BEVIN Patrick New Zealand +2:20

© RTL

Back to Top
CIM LOGO