
Sëlwer a Bronze gi wärenddeem un hir Landsleit Sina Frei a Linda Indergand. D’Neff huet d’Course dominéiert a verdéngt gewonnen, um Enn ass si no 1 Stonn, 15 Minutten a 46 Sekonnen iwwer d’Arrivée gefuer a war domat méi wéi eng Minutt méi séier wéi d’Frei.

Et ass doduerch en historeschen Dag fir de Schwäizer Sport. Et ass net nëmmen déi éischte Goldmedail fir d’Schwäiz op dësen Olympesche Spiller, mä et ass och déi éischte Kéier zanter 1936, datt bei Olympia an enger Sportaart dräi Schwäizer um Podest stinn.
