Cyclocross-WeltcupGutt 21. Plaz fir d’Marie Schreiber zu Tabor

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung an der Tschechescher Republik déi 6 Manche vum Weltcup am Cyclocross um Programm.
© Jeff Gloden (Archiv)

Bei den Dammen ass d’Marie Schreiber op eng gutt 21. Plaz gefuer. D’Lëtzebuergerin hat e Retard vun 3 Minutten an 42 Sekonnen op d’Gewënnerin Lucinda Brand. D’Hollännerin huet sech mat enger Avance vun 3 Sekonne virun hire Landsfraen Puck Pieterse an Annemarie Worst behaapt.

Bei den Espoiren ass et déi 7. Plaz fir d’Marie Schreiber.

Bei den Hären huet sech den Hollänner Lars van der Haar d’Victoire geséchert. Op d’Plazen 2 an 3 sinn den Eli Iserbyt an de Quinten Hermans aus der Belsch gefuer. Si haten e Retard vun 11 respektiv 15 Sekonnen. Hei war kee Lëtzebuerger um Depart.

Back to Top
CIM LOGO