Kevin GenietsGutt an d'Vëlossaison gestart, elo Zwangspaus wéinst Corona

RTL Lëtzebuerg
Op der Dräi-Dages-Course Tour des Alpes-Maritimes et du Var konnt de Lëtzebuerger de gudden 11. ginn. Déi nächst zwou Coursse goufen awer elo ofgesot.

D’Vëlossaison huet fir d’Lëtzebuerger Coureuren ugefaangen. De leschte Weekend ass ënnert anerem de Kevin Geniets den Tour des Alpes-Maritimes et du Var gefuer. Op der éischter Etapp gouf hien den 10. um zweeten Dag koum hien als 16. un an op der drëtter a leschter Etapp gouf hien nees den 10. Am Schlussklassement huet de Lëtzebuerger Champion sech als 11. klasséiert. Besser hätt den Optakt vun der Saison net kënne lafen.

Extrait Kevin Geniets

Ech si wierklech extrem zefridden, wéi déi éischte Coursse verlaf ass. Et war schonns eng Biergcourse an ech si relativ gutt d’Bierger erop komm, och wann dat net mäi stäerkste Punkt ass. Dofir sinn ech ganz zefridden. Och den éischten Dag, wou ech alles op eng Kaart gesat hunn a probéiert hunn, d’Etapp ze gewannen. Vu do hir war den Optakt fir mech ganz gutt. Mat der Form sinn ech zefridden an ech sinn definitiv do, wou ech wollt sinn. Villäicht ee Krack besser, wéi dat leschte Joer. Dat gesi mir elo an den nächste Courssen.

Déi nächste Course fir de Kevin Geniets hätt sollten e Samschdeg de Semi-Klassiker “Omloop Het Nieuwsblad” sinn. Dat ass awer elo net de Fall, well hie positiv op Corona getest gouf. Déi Course, wéi och e Sonndeg “Kuurne-Bréissel-Kuurne”, ginn awer live bei eis op der Tëlee gewisen.

Back to Top
CIM LOGO