CyclocrossGutt Leeschtung vum Christine Majerus beim Superprestige an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
No enger konstanter Course ass d'Lëtzebuergerin an hirer 1. Course vun der Saison mat engem Retard vun 3 Minutten a 16 Sekonnen op déi 15. Plaz gefuer.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

D’Christine Majerus ass um Sonndeg de Mëtteg un den Depart vum Telenet Superprestige - De Schorre Boom an der Belsch gaangen. Et war der Lëtzebuergerin hir éischte Course an dëser Cyclocross-Saison.

No engem gudde Start ass d’Lëtzebuerger Championne op engem schwéieren a kierperlech usprochsvolle Parcours déi ganze Course iwwer tëscht de Plazen 12-17 gefuer. No enger staarker Schlussphas ass d’Christine Majerus bei der Victoire vun der Hollännerin Lucinda Brand mat engem Retard vu 3 Minutten a 16 Sekonnen op déi gutt 15. Plaz gefuer. D’Ceylin del Carmen Alvarado an d’Denise Betsema sinn op d’Plazen zwee an dräi gefuer. Domadder stoungen dräi Hollännerinnen um Podium.

D’Christine Majerus kann no hirer Plaz an den Top 15 ganz optimistesch op déi nächst Coursse kucken.

Bei den Hären huet sech iwwerdeems den Eli Iserbyt d’Victoire geséchert. Hien huet sech viru senge Landsmänner Michael Vanthourenhout an dem Toon Aerts behaapt.

D’Top 10 vun den Dammen

1 Lucinda Brand (Ned) Telenet Baloise Lions 0:46:44
2 Ceylin del Carmen Alvarado (Ned) Alpecin - Fenix 0:00:10
3 Denise Betsema (Ned) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:00:45
4 Annemarie Worst (Ned) 777 0:01:06
5 Yara Kastelijn (Ned) Credishop - Fristads 0:01:20
6 Clara Honsinger (USA) 0:01:28
7 Maghalie Rochette (Can) 0:01:36
8 Puck Pieterse (Ned) Alpecin - Fenix 0:01:41
9 Manon Bakker (Ned) Credishop - Fristads 0:01:55
10 Anna Kay (GBr) Starcasino CC Team 0:02:03

D’Top 10 vun den Hären

1 Eli Iserbyt (Bel) Pauwels Sauzen - Bingoal 1:02:05
2 Michael Vanthourenhout (Bel) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:00:15
3 Toon Aerts (Bel) Telenet Baloise Lions 0:00:21
4 Wout Van Aert (Bel) 0:00:32
5 Corné Van Kessel (Ned) Tormans Cyclo Cross Team 0:01:11
6 Ryan Kamp (Ned) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:01:18
7 Laurens Sweeck (Bel) Pauwels Sauzen - Bingoal 0:01:33
8 Lars Van Der Haar (Ned) Telenet Baloise Lions 0:01:46
9 Thomas Pidcock (GBr) Trinity Racing 0:02:00
10 Quinten Hermans (Bel) Tormans Cyclo Cross Team 0:02:06

Back to Top
CIM LOGO